.
 
Luxemburgensia
 

Den André Chevalier

1686-1747
 
 
 
 

Den André Chevalier koum 1660 zu Bourg-en-Bresse, tëscht Lyon a Genf, op d'Welt an huet zu Metz geschafft. Hie wor mam Catherine Barbier (1663-1736) vu Metz bestued. Wéi de Louis XIV am Januar 1685 an enger Ordenanz alle kathouleschen Handwierker  Avantage versprach huet, wa se sech zu Lëtzebuerg nidderléissen, ass de Chevalier 1686 op Lëtzebuerg geplënnert. Do gouf et zanter engem halwe Jorhonnert keng Dréckerei méi. Hie krut fir 20 Joer de Monopol, fir Bicher ze drécken an ze verkafen, an d'Jesuiten hu missen all hir Schoulbicher bei him bestellen. Séng éischt Ordenanz huet hie 1686 "demeurant au quarré de la rue Neuve proche les RR.PP. Jésuites" gedréckt. Zwee Joer drop ass hie schons ee vun denen déckste Steierzueler an der Stad. Den 20. Februar 1690 keeft d'Famill d'Haus Nummer 5 an der Paschtoueschgaass. 1703 kritt de Jacques Ferry d'Erlaabnes, fir eng zweet Dréckerei an der Stad opzemaachen. De Chevalier geet viru Geriicht a verléiert de 5. Oktober. Den André Chevalier ass den 10. Abrëll 1747 an der Stad gestuerwen, séng Duechter Anne huet d'Geschäft iwwerholl. Hie wor dee gréissten Drécker vun der Lëtzebuerger Geschicht. En huet an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Drécker an Éditeuren, apaart vu Genf, net nëmme fir e lokalen, ma fir en europäesche Bichermaart produzéiert an hat eng Libräri zu Metz. En huet iwwer 180 Bicher, papistescher, gallicanescher, jansenistescher an anerer, gedréckt oder erausginn, dorënner:


(rh.)
1698 Traité de paix signé a Munster en Westphalie le 24 Octobre 1648.

Nom 30järege Krich, engem vun dene schlëmmsten an der europäescher Geschicht, gouf mam westfälesche Fridden d'Souveränitéit vun den Territorialstate besigelt - e Prinzip, deen eréischt haut mam "devoir d'ingérence" a Fro gestallt gët. De Chevalier  huet eng ganz Collektioun där Friddensverträg gerdréckt.


(rh.)
1702 Jean Domat : Les loix civiles sans leur ordre naturel, an 2 Bänn.

A séngem Haaptwierk stellt de franséische Jurist Jean Domat (1625-1704) d'Gesetzer vum Absolutissem als vu Gott gewollten Naturgesetzer duer. De Louis XIV huet e gesponsert.


(rh.)
1703 - 1732 Pierre Nicole : Essais de morale, a 14 Bänn.

De franséische Jansenist Pierre Nicole (1625-1695) huet probéiert, fir eng rationell Laiemoral ze entwéckelen. Band 14 vu séngen Essais de morale an der Editiou vum Chevalier as eng Biographie vum Nicole, déi de Claude-Pierre Goujet geschriwwen huet


(rh.)

Juli 1704 La clef du cabinet des princes de l'Europe ou Recuëil historique & politique sur les matieres du tems

Dëst ass déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum. Am Ufank wor si wéi vill "gazettes de Hollande" apart fir de franséische Maart bestëmmt, wou de Stat bis 1750 déi national Press streng kontrolléiert huet, ma auslännesch Zeitunge fräi zirkuléiere loosst. Vu 1707 bis 1716 gouf se gläichzäiteg a Frankräich mam Privileg vum Kinnek als Journal historique sur les matieres du tems verkaf, och Journal de Verdun genannt. Déi éischt Joere koum La clef du cabinet anonym eraus, als Drécker wor "Jacques le Sincère" an als Uert "à l'enseigne de la vérité" genannt. Den éischte Redakter - an éischte Lëtzebuerger Journalist - wor de Claude Jordan (de Colombier) vu Bar-le-Duc, hien huet fir 50 Livres de Mount geschriwwen. No enger Dose Joeren ass de Jordan op Paräis gaang an  huet do eng Suite de la clef erausbruecht, déi bis 1776 existéiert huet. De Chevalier krut 1716 de Privileg fir seng Zeitung a foung un, säin Numm drop ze setzen. An den drësseger Joer gouf de Lëtzebuerger Pierre Bourgeois Redakter. Vum August 1773 un huet La clef du cabinet den Numm geännert a sech Journal historique et littéraire genannt. D'Zeitung am Format vun engem Täschebuch vun haut huet all Mount op 70 bis 80 Säiten ugefaang mat Bespriechunge vu Bicher, déi an der lescht erauskoumen. Dono koumen Nuvellen aus verschiddenen europäesche Länner, dacks aus aner Gazetten iwwerholl. Zum Schluss goufen déi ernimmt, déi op den europäesche Kinnekshäff gestuerwe woren oder op d'Welt koumen, a meescht gouf et och nach e Räetselgedicht. Ënnert hirem alen an neien Numm koum La clef du cabinet bal d'ganzt 18. Jorhonner duerch, vum Juli 1704 bis de Juli 1794. Och wa sech 1763 a 1775 verzielt an um Enn guer net méi gezielt gouf, woren et am ganze ronn 1325 Hefter an 202 Bänn mat iwwer 100.000 Säiten!
(BNL)

1707 Diarium europaeum historico-litterarium.

Eng eenzeg bekannte Lëtzebuerger Nummer vun enger ZäitschrÎft, déi den Augustiner Jacques Hommey virdru kuerz zu Paräis erausginn hat
(rh.)
1727 Magnum bullarium romanum
Dëst ass dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht an eng vun dene véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht. Fir d'éischt huet de Chevalier dem Laertius Cherubini säi Bullarium (Roum 1586, fënneft Editiou 1669-72) a sechs Bänn als Editio novissima nogdréckt an du véier Bänn Continuatio erausginn. No Band 10 huet e 1738 den Drockprivileg un den Henri-Albert Gosse zu Genève viruverkaf. Deen huet bis 1758 néng weider Bänn erausbruecht, nach ëmmer mam Dréckuert "Lëtzebuerg". 1742 huet hien och déi éischt Bänn frësch erausbruecht oder op d'manst mat neien Titelsäite verkaf. Esou ass am Laf vun 31 Joer de "Lëtzebuerger Bullarium" an 19 Folio-Bänn mat Bullen aus 1300 Joer vum Leo de Grousse bis Benedict XIV. op ronn 9000 Säiten entstan.


(rh.)
1730 Jacques Bénigne Bossuet: Defensio declarationis celeberrimae, quam de potestate ecclesiastica sanxit clerus gallicanus 

De Bëschof vu Meaux Jacques-Bénigne Bossuet (1627-1704) stellt sech hannert déi Deklaratioun vu 1682, mat där déi franséisch Kierch hir Onofhängegkeet vum Poopst betount huet.


(rh.)

1724 Matthieu Petitdidier: Traité theologique sur l'autorité et l'infaillibilité des Papes.

Dem loutréngesche Benediktiner (1659-1728) säi Buch wor am gallikanesche Frankräich an a Loutrénge duerch denƯArrêt de la cour de parlement, qui supprime le livre du "Traité théologique sur l'autorité et l'infaillibilité des papes, etc." (par dom Mathieu Petitdidier, abbé de Senones). Du 8 juin 1724 verbueden (Metz, imprimerie de B. Antoine) a gouf dofir zu Lëtzebuerg gedréckt. Vum Poopst gouf e fir Belounong Bëschof vun Acra in partibus infidelium gemaach.
(rh.)

1731-32 Jean Pontas: Dictionarium casuum conscientiae, 3 Bänn.

D'Haaptwierk vum franséische Theolog Jean Pontas (1638-1728) as e Lexikon, dat op 2 137 Säiten Äntferten op praktesch  Moralfroen iwwer Sex, Geld an aner Saache gët.


(-)

1741 Jean Bertholet : Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny

Zu Gaasperech ass eng Strooss nom André Chevalier benannt.
 

Ierwen André Chevalier

1747-1789
 

Dem André Chevalier séng Duechter Anna an säin Edem François Perle hu ronn 120 Bicher gedréckt, dorënner:

(rh.)
1763 Catechismus ex decreto concilii tridentini ad parochos

1764 Almanach de poche pour l'année 1764, à l'usage de la province de Luxembourg
 

(rh.)
1767 Rituale trevirense, an 3 Bänn
 

(rh.)
August 1773 huet La clef du cabinet des princes ouni weider Explikatioune sech a Jounal historique et littéraire ëmgedeeft.

Redakter wor de Jesuit François-Xavier de Feller (1735-1802). Hien huet e fanatescht Kampfblat géint d'Opklärung, d'Philosopen an Encyclopédisten, géint déi reljéis Reforme vum Jousef II. an d'franséisch Revolutioun draus gemaach. Vum Juli 1774 u koum d'Zeitung all 14 Deeg eraus, fir "huit livres de France par an, ou quatre sous de Luxembourg chaque cahier, pris ici à l'Imprimerie". Ma den de Feller krut ëmmer méi Schwiregkeete gemaach, a vum 15. Februar 1788 u steet op der Zeitung, si kéim "A Maestricht, chez François  Cavelier" eraus a géif "à Liège, chez J.F. Bassompierre" verkaf. Den 1. Juli 1794, wéi déi franséisch Revolutiounstruppe bei Fleurus gewonnen haten an an d'éisträichech Nidderlande marschéiert sinn, koum déi lescht Nummer eraus.

 
 

Bibliographie:

Alphonse Sprunck:
Une visite aux imprimeries et aux libraires luxembourgeois du 18e siècle
Les Cahiers luxembourgeois, 1950, Numéro de Noël, p. 167-180

Alphonse Sprunck:
Von den ersten luxemburgischen Zeitungen und Journalisten
Marienkalender 1953, S. 66-68

Emile van der Vekene:
Bibliographische Kostbarkeiten. Ein Beitrag zur Luxemburger Druck- und Verlagsgeschichte
in: Mélanges offerts à Joseph Goedert, Bibliothèque nationale Luxembourg 1983, S. 351-366

J. P. Kunnert:
De l'Imprimerie Chevalier en 1685 à BIS Bankings Systems S.A. en 1989
BIS Banking Systems SA, Luxembourg 1989, 24 p.