Den neien Totem!

April 10th, 2008

Endlech as en erem do, den neien Totem! Di neisten Ausgab fannt der natirlech och nees direkt hei um Site als *.pdf
Dir kënnt en hei direkt opman (12 mb, et dauert also vläit e bessen bis e gelueden as), dir fannt en awer och ennert deenen aneren, méi aalen Totem’en!

Vill Spaass!

Rover Weekend zu Zürich

April 7th, 2008

Rapport Rover Week-End Zürech 2008

Wuhu et geet lass!
Endlech ass et esou weit. Mir hun no langen Négociatiounen en Datum fonnt ob deems d’Rover ob Zürech kommen kennen fir eisen traditionnellen an supermegagailen Roverweekend.

Direkt am Zuch ass et och schon gudd lass gangen. Den neitste Klatsch und Tratsch gouf heftegst beschwat an diskutéieret, a fier de Rescht vum Trajet hun eis Exploretten an den Här Theis de ganze Wagon animéiert! Ee Gléck dass si do woren, waat wären di 5 Stonnen Zuch soss laaang gewiecht. Owes um 9 auer si mer dunn um HB Zürich härzlech vun eise Rover-Respo’en empfaang gin, a lass as et gaang: Directioun gudd Owesiessen!

An waat kruute mer? Di beschte Fusilli Bolognese, als Dessert vill Schokkela’s Eeër, an e gudde, kaale Béier hu mer och genoss éier mer rem op den Tours gaange sinn! No engem kuerzen Outfit’s-check woren mer dun prett fir d’Züricher Scene : d’Studentendisco Stuz… an zwar direkt op der richteger Plaatz, am Zentrum vun der ETH. Wann daat keng richteg Uni as…
Bis méi a manner spéit as du gefetzt a gedanzt ginn, fir den Dag drop “ready” ze sin fir de Grand Jeu. Olé!!

An oh mei, wat wore mir den Dag drop sou midd wéi et geheescht huet, mir gin op de Jeu EN ville! Mee d’Motivatioun war méi stark, a lass gung et! Fier d’éischt eng Mathematesch getürckte Rally duerch déi schéin ETH, wou mer duerch d’Gäng an d’Traapen vum Gebei gelootst gi sinn. No deser Visite si mer dunn an d’Zürich City gangen. Do missten mer ennert aanerem Luuchten zielen, eieiei dat war komplizéiert.

An well mer all schon/nach elle midd woren vun all deenen Ustrengungen, hu mer den Zuch fir rop op den Uetlibierg geholl, wou mer on the Top of Zürich stoungen. Nodeems mir eng schein Vue genoss hun, as de Geocaching lass gaang, dat war mega spannend a mir waren all immens frou wéi mer um Ziel ukomm waren.
D’Prost hued och nach heieren, dass den Theis schéi beim Noémie P. gekohlt hued. Traditiounsweis krute si d’Suckel an de Reech.

Owes as de Programm weider gang an zwar um Gebai vun der ETH fir uewen um Daach ze grillen wou mer effektiv eng herrlech Vue haaten. Wou mer du wollten e besse weiderfeieren, hun mer d’Prost-Santé an d’Mme Petit doud opfonnt. Du war fir die Zwee och Feierowend an se hunn de Recht vun der supermegabuppegailer Soirée verpasst.

Suguer de Georges krut sech nach motivéiert e bessen mat ons fetzen ze kommen.
An an der Langstrasse huet et mat engem gudden fetten excellenten Kebab-Frites obgehaal.

Brav wéi mer eben sou sen, hun mer glaich nom Kebab den Taxi bis Heem geholl wou mer eise verdéngte Schlof geholl hun. Den Dag drop ass et dann bei den Jules G. gang wou mer e leckere Brunch zou eis geholl hun. D’Sophie krut e Glas op de Fouss, aua…Et liewt awer nach 
Et voilà, daat wor dann eisen Roverweekend. D’Leit hu sech rem an hir verschidden Ecker vun Europa zréckgezunn, nodems mer nach ons Fotoen gekuckt haaten…wow!

Dann soen mer just nach eise léiwe Rovercheffen merci fir d’Organisatioun, merci fir de flotten Weekend!

Besicht eis um Festival des Migrations…

March 4th, 2008

…op eisem Nepal Stand.Festival des migrations

Den neien Totem!

January 8th, 2008

Den neien Totem ass eraus, dir kënnt en vun elo un op äre PC eroflueden! Natirlech kritt dir en awer wéi gewinnt nach emmer per Post heemgeschéckt, d’Online Versioun ass virun allem vir déi Leit geduercht dei sech momentan am Ausland befannen an natirlech keng Ausgab verpasse wëllen.

Dir fannt en an der Rubrik “Totem”, wou och nach e puer méi aal (a ganz aal) Editiounen ze fanne sin.

Totem 1 / 2008 download

Vill Spaass!

Fotoën vum Wëllefcherscamp II

January 6th, 2008

_mg_4098.jpg
Ech hun nach e puer vu mengen Fotoën vum Chrëschtcamp vun de Wëllef eropgelueden, ze fannen sin se HEI

Dîner de bienfaisance

January 5th, 2008

flyerdinerdebienfaisance08.jpg

Happy new year!

January 5th, 2008

D’Equipe vum Site wënscht Ierch alles gudds am neie Joër!

Et gouf e klengen Update vum Site, an zwar fannt dir elo all 4 Totem’en vum Joër 2007 enner “Totem“! D’Nächst Woch wärt der och schon deen éischten Totem vum Joër 2008 hei fannen, dir kritt en natirlech nach emmer wéi gewinnt heem an är Boîte!
Ausserdeem koumen honnerte vu Fotoë bäi, vun de Krëschtcamp’en, vum Verspriechen, vum Kleeschen…
Luusst einfach an eis Fotosrubrik eran, et lount sech!
Déi aktuell Trimesterprogrammer fannt dir enner der Rubrik Programm.

Vill Spaass!

Totem 4 / 2007

December 16th, 2007

Déi nei Editioun vun eisem Totem ass eraus!

Klickt hei vir en als online als pdf ze kucken!

Croix-Rouge Bazaar 2007

November 15th, 2007

Kamellomania!
D’Aigles um Bazar de la Croix-Rouge 07

Verschidde Leit fueren den zweete Sonndes am November op Knokke fir een op Schicki-Micki ze maan, verschiddener fueren mam TGV op Fashion-Paris fir wéi wëll ze shoppen, verschiddener fueren an d’Eisléck wéi grouss Gourmet’en iessen, ma déi ganz klever gin relax op de Croix-Rouge Bazar fir dat ganzt alles an engem Sonndeg ënnert een Hutt ze kréien!

Säit baal 20 Joër hëllefen d’Aigles schon als grouss Scouts-B.A. um Croix-Rouge Bazar oofraumen mat de Scouten, an säit 8 Joër verkaafen d’Explorer a Rover och wéi geckeg Kamellen, am Kader vun hierem sozialen Engagement.
An dat Kamelleverkaafen as nawell emmer eng zolit Aventure! Schon Méint am Viraus gët sëch am klënge Kreess getraff fir de richtege Choix u Kamellen ze maan an déi neitsten Séiessegkeets-Tendance vun Tokyo, Bilbao an Singapore zesummenzewürfelen. Den Daag J-1 fiert en Sweet-team ënnert der Leedung vum Kamellen-Meeschter Marc a sénger zwee-achseger Remorque ënner Polizeieskort an aller Herrgottsfrei bei de Grossist fir d’Geheimlëscht anzekaafen. Knapps drop läit 50 Kilo vun deem séisse Gedrecks frësch an zocker-séiss an de Këschten um Bazar um Lampertsbierg.
Bien évidemment mussen eis Explorer a Rover als éischt all Kamellenzort op Härz an Nieren, also Zockergehalt respektiv Batterkeet testen fir ze kucken op d’Qualitéit stëmmt, an dat bien évidemment a regelméissegen 30-Minuten Oofstänn, well et kann ee jo nie wëssen. Soubaal den Oberguru Benoît (Doktorant vun der Haribo University of Bärchen) d’OK-Signal gin huet kann d’Vente lassgoen! An de Succès as emmer um Rendez-Vous. Knapps as de Startschoss gin an d’Bazarsdieren op stiermt eng Armada vun 9 bis 99 Jähregen un fier sëch em déi bäschten Zorten ze klappen an ze kraatzen, et géif ee mengen et wier ee bei Prada am SSV. Déi eng oder aaner Bomi huet alt schon e bluddege Bréif geschriwwen well se awer këng Lakritzschneck méi kruut. All Klient gët individuel berooden, e bessi Saures ma awer nët zevill an eng Grëtz Scholeka, pas de Problème, oder just Speckëges mat laangen rouden Tapis’en an eng Grëtz vun deenen knätscheg Rouden, keng Äffär. Ganz gemidderlëch wor och d’Tessy de Nassau mam klénge Gabriell laanscht komm fier e Kilo Hostecher ze kaafen, den Här Bettel huet sëch dobäi relax eng batter Cola op d’Saumon’s Schniitchen geluecht. Knapps drop koum d’Madame Polfer schons fir d’drëtt laanscht, anscheinend wiren d’ Cote d’Or Maisercher alt erëm all duerch d’Bascht! D’Grand-Duchesse huet säi Joëren e Fäibel fir d’Fraise Tagada’en a léisst sëch emmer eng grouss Schëpp apaaken. Den Här Bartholomeo léisst och ëmmer déi eng oder aaner Praliné-Maischen an der Täsch verschwannen a warnt tout en passant virun de Gefooren vum Zocker.
Géint 5 Auer gaapsen déi meescht Këschten een nëmmen nach un, sou eidel sin se. Et gët em déi läschte Sugus a Cola Spaghetti gestridden, an um 6 as dann meeschtens alles ratzekaal eidel. Kamellen kann d’ganz Aigles Ekipp lo ee Joër laang nët méi gesin, souvill hun se der geschmaacht…aus rëngen professionnelle Grënn natierlëch! Bis d’nächst Joër, op e weidert zockerséisst Begéinen um Les Aigles Kamellestand!

Georges Krombach

Scoutskiermes

October 8th, 2007

23°, drei kleng Wolleken, Sonn pur, eng flott Ambiance. Kuerz gesoot : En typeschen Scoutskiermesklima. Wei all Joers gouff nees daat risecht Scoutskiermesscheld opgehangen fir dat den ganzen Rollengergronn wees dat d’Aigles nees Kiermes feiren. Wei emmer matdobei: Sprangschlass, d’Glëcksraad, den impressionannten Fierkelshämmchenuewen an naierlech all dei trei Aiglesfrënn dei monter op den Bänken soutzen an mat hirem Noper dei allerneisst Gerüchter ausgetosch hun.
No an no koum deen vertrauten Geroch vun den Thürenger an vun den knuspregen Frtiten zum virschein
Dunn um genau 12:36 ass et lassgangen. D’Leit hunn sech op d’Thürenger an op d’Fierkelshämmchen gestiertzt wei wann se 1 Joer lang neicht mei gies haaten. T’ass jo och normal. Sou eppes guddes gett et jo nemmen 1 mol am Joer ;)…………..mais bon.Fir Deckoration hun eng ganz Equipe vun motiveierten Rover gesuert dei den Daag firdrunn lauter Fotoen mam Thema Nepal opgehangen hun. Den Nepal ass jo deen groussen Aiglesprojet 2008. Vill interresseiert Leit hun sech firun d’Photoen gedreckt fir en Bleck op dei Biller ze werfen. Dono kruten se nach vum Raoul en Prospekt an d’Hand gedreck an schons sin se sech an d’Rei stellen gangen fir een vun deenen excellenten Eisekuch ,dei d’Madame Müller mat voller Motivation geback huet, ze ergatteren. Nom Iessen hun d’Mammen dunn hiren kanner 5euro an d’Hand gedreckt fir dat se hir Chance bei der Tombola enner beweis stellen. D’Liette an dem Robby seng Mam hun dunn jiderengem sain Prais ausgehändegt. Ech hun wei all Joers eng Flesch Olivenuelsch gewonnen , obwuel ech mer secher war dat ech dest Joer den Haaptpreis gewannen. Bon, et ass fir d’nächst Joer. Lues a lues ass et zeit ginn fir den Spektakel. Dëst joer hun d’Wellef ons nees en genialt Theatersteck présentiert. Den Dumbo mat den decken Ouren. Leit hun sech secher alleguer blooderen an d’Hänn geklapt. Mais et war jo och dowärt oder ;) Nom Theatersteck gouff en kleng Bonne Patrouille verdeelt. D’Patrull Kou ass op d’Bün komm an hun den Aigles en Spuet matbruet….hehe daat reimt,mais bon. Dono hun d’Beaver nach 2 GENIAL Sketcher opgefouert. Jidereen haat dono Zwerchfellkrämp. Mais et war mol net sou schlemm. Fir den Wei ze lenneren hun sech der nach puer daat läscht Steck Taar kaaf. Sou wor jidereen glecklech!!!

Ausser dei dei nach missten oofrichten. Mais den Trouscht wor daat et nees eng gelongen Scoutskiermes wor.

Neckel Wurth