Wilhelmina vun Holland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wilhelmina Helena Pauline Maria gebuer den 31. August 1880 zu Den Haag, a gestuerwen den 28. November 1962 um Schlass Het Loo), Prinzessin vun Oranien-Nassau, war Kinnigin vun Holland vun 1890 bis 1948. Vun 1890 bis 1898 war hir Mamm Regentin, 1898 ass d'Wilhelmina fir groussjährig erkläert ginn an huet selwer d'Regierungsgeschäfter iwwerholl.
Si war d'Duechter vum Kinnek Wëllem III. an der Emma vu Waldeck-Pyrmont. Si war mam Heinrich Herzog vu Mecklenburg-Schwerin bestuet. 1948 huet si zugonschte vun hirer Duechter Juliana afgedankt. Während den zwéi Weltkricher war si am Exil an England.