Wikipedia:FAQ Administratioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

F. Wie bestëmmt d'Regelen ?[änneren | Quelltext änneren]

E. Liest heizou den Artikel iwwer d'Regelen.

F. Wat ass en Administrateur ? Wat ass e Sysop ?[änneren | Quelltext änneren]

E. Dës zwéin Nimm bedeiten eigentlech datselwecht. En Administrateur oder Sysop ass einfach e Wikipedianer, deen e puer Funktioune méi zur Verfügung huet wéi en normale User, zum Beispill Säite läschen, protegéieren, IP Adresse spären.

F. Wéi gëtt een Administrator ?[änneren | Quelltext änneren]

E. : Liest dozou den Artikel Wikipedia:Administrateuren.

F. Wien iwwerwaacht d'Administrateuren ?[änneren | Quelltext änneren]

E. D'Administratoren iwwerwaache sech géigesäiteg. All Administrateur ka quasi alles réckgängeg maachen, wat en aneren Administrateur gemaach huet. An extreme Fäll kann och nach ëmmer e Steward oder den Jimbo Wales kontaktéiert ginn.

F. Wat ass en Developeur ?[änneren | Quelltext änneren]

E. Et gëtt zwou Zorte vun Developeur. Engersäits d'Entwéckler vun der Wikipedia-Software ([1]) an d'lokal Developeure vun den eenzelne Wikipediaen, déi méi Rechter wéi e Sysop hunn (z. B. d'Datebank spären).