Dalia Grybauskaitė

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Dalia Grybauskaitė (2012).

D'Dalia Grybauskaitė [ daˈljɛ griːbausˈkaiteː ], gebuer den 1. Mäerz 1956 zu Vilnius, ass eng litauesch Politikerin. Si ass zanter dem Juli 2009 Presidentin vun hirem Land.

D'Dalia Grybuskaitė huet en Doktorat an Economie an huet no der Onofhängegkeet vun hirem Land am diplomateschen Déngscht geschafft. Tëscht 1999 an 2004 war si noeneen Delegéiert Finanzministesch, Delegéiert Ausseministesch a Finanzministesch (2001-2004).

2004-2009 war si Member vun der Europäescher Kommissioun ënner der Presidentschaft vum José Manuel Barroso, wou si fir d'Finanzen an de Budget zoustänneg war. 2009 war si Kandidatin fir Presidentin vu Litauen ze ginn a gouf am Mee 2009 mat 69 % vun de Stëmmen am éischten Tour gewielt.[1] Am Juli 2009 huet si d'Nofolleg vum Valdas Adamkus ugetrueden, deen no zwee Mandater net méi kandidéiere konnt.

De 25. Mee 2014 gouf si bei de Presidentewalen an hiert Amt erëmgewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dalia Grybauskaitė – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]