Viviane Reding

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Viviane Reding (2014).

D'Viviane Reding gebuer de 27. Abrëll 1951 zu Esch-Uelzecht ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

No hirem Studium op der Sorbonne, zu Paräis, dat se mat engem Doktorat ofgeschloss hat, huet d'Viviane Reding vun 1978-1999 als Journalistin an Editorialistin beim Wort geschafft. Tëscht 1986 an 1998 war si Presidentin vun der Union luxembourgeoise des Journalistes.

1979 a 1984 gouf d'Viviane Reding fir all Kéier 5 Joer an d'Chamber gewielt, an tëscht 1989 an 1999 war si Deputéiert am Europaparlament. Vun 1981 bis 1999 war si och am Escher Gemengerot.

An hirer Partei, der CSV, war si 1995-1999 Vizepresidentin, a vun 1988-1993 war se Nationalpresidentin vun de Chrëschtlech-soziale Fraen.

Zanter 1999 ass d'Viviane Reding Member vun der Europäescher Kommissioun. Ënner der Presidence vum Romano Prodi war si zoustänneg fir Erzéiung, Kultur, Jugend, Medien a Sport. 2004 gouf s'an der Kommissioun vum José Manuel Barroso responsabel fir d'Dossieren Informatiounsgesellschaft a Medien.

2009 huet d'Viviane Reding op hiert Mandat als Europa-Deputéiert verzicht, fir dat se bei de Wale fir d'Europaparlament 2009 gewielt gi war, wéi si vum Jean-Claude Juncker, dem Formateur vun der Regierung, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoe sollt, och fir dat nächst Kommissiounsmandat virgeschloe gouf. De 27. November 2009 huet de José Manuel Barroso si zur Vizepresidentin vun der Kommissioun, responsabel fir Justiz, Mënschen- a Biergerrechter, gemaach. Si huet hiert Amt am Februar 2010 ugetrueden.

Fir d'Europawalen 2014 war si Spëtzekandidatin op der Lëscht vun der CSV a gouf op déi éischt Plaz, vun deenen 3 Sëtz, déi hir Partei bei de Wale gewonnen huet, gewielt.[1] Si huet am Juni 2014 hiert Amt als Commissairin niddergeluecht, fir als nei Deputéiert vereedegt ze ginn.

Am November 2014 gouf bekannt, datt si, wéi d'Regelen et virgesinn, bei der Kommissioun ugefrot hat, fir däerfen e Posten am Kuratorium vun der Bertelsmann-Stiftung an am Conseil d'administration vum Minnen- a Metallkonzern Nyrstar[2] unzehuelen, a gréng Luucht dofir krut.[3]

Am Januar 2015 krut si vun der Kommissioun och den Accord fir Member am Opsiichtsrot vun Agfa-Gevaert ze ginn.[4] Den 12. Mee 2015 gouf si duer opgeholl.

D'Viviane Reding huet 3 Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viviane Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren]

  1. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  2. Den Administrateur délégué vun Nyrstar ass de lëtzebuergeschen Ingenieur Roland Junck.
  3. "Viviane Reding geht in die Wirtschaft: Die Bertelsmann-Kommissarin." taz.de, 12. 11. 2014.
  4. Im Aufsichtsrat von Agfa, tageblatt.lu 7. Januar 2015