Andorra

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Principat d'Andorra

Fändel vun Andorra

Wope vun Andorra

Detailer

Detailer
National Devise: Virtus Unita Fortior
Europe-location-ANR alt.png
Offiziell Sprooch: Katalanesch
Haaptstad: Andorra la Vella
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Landeschef: François Hollande
(Franséische Koprënz)
Joan Enric Vives i Sicília
(Episkopale Koprënz)
 • Regierungschef: Antoni Martí
Fläch: 468 km²
Bevëlkerung: 81 222 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 173,5/km²
Onofhängegkeet: 1278
Nationalfeierdag: 8. September
Nationalhymn: El Gran Carlemany
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .ad
Internationalen
Telefonsprefix
:
+376
Andorramap.png

D'Fürstentum Andorra (katalanesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matten an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalounien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).

Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.[2]

D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. De franséische President an de Bëschof vun Urgell sinn allebéid Koprënze vun Andorra, och wann hir Roll éischter eng representativ a symbolesch ass.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen.Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zanter 2004 op der Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Andorra ass Member vun de Vereenten Natiounen

Administrativ Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Pare vun Adorra Andorra ass a siwe Paren (Parròquies am Sënn vu Gemengen, Regiounen) agedeelt:

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Andorra huet 81.222 Awunner (31. Dezember 2006 [1]), dovu sinn:

  • Katalanen: 29 535 (36,4 %),
  • Spuenier: 27 638 (34 %),
  • Portugisen: 15 789 (15,7 %),
  • Fransousen: 5 104 (6,3 %),
  • Anerer: 6 156 (7,6 %).

All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95 % vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Katalanesch gouf an der Konstitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3 %) geschwat gëtt. Spuenesch gëtt vun 37,3 % vun de Leit geschwat, 3,5 % hu Portugisesch an 2,2 % Franséisch als Mammesprooch.[1]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Rullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäreste Sportarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.

Referenzen an Notten[änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andorra – Biller, Videoen oder Audiodateien