Spuenien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Reino de España

Spuenesche Fändel

Spuenescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Plus Ultra
EU location ESP.png
Offiziell Sprooch: Spuenesch
(regional: Katalanesch, Galizesch, Baskesch)
Haaptstad: Madrid
 • Awunner: 3 155 359 (2005)
 • Koordinaten: 40°43'N, 3°69'W
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek: Felipe VI.
 • Ministerpresident: Mariano Rajoy Brey
Fläch: 504 782 km² (50.)
 • Dovu Waasser: 1,04 % %
Bevëlkerung: 43 197 684 (29.)
 • Bevëlkerungsdicht: 85,58/km²
Onofhängegkeet: 1492, d'Enn vun der Reconquista
Nationalfeierdag: 12. Oktober
Nationalhymn: Marcha Real
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1
(Kanaresch Inselen: UTC)
Internet TLD: .es
Internationalen
Telefonsprefix
:
+34

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Spuenien.

Cuenca, Spuenien

Ëm 1.100 v. Chr. hunn d'Phönizier verschidden Handelsnéierloossungen op der Küst gegrënnt. Ab 200 v. Chr. ass d'Land un d'Réimer gaangen, déi et 600 Joer laang an hirem Besëtz haten. Am Joer 711 koumen d'Araber iwwer Gibraltar an d'Land. No nëmmen zwee Joer hate si bal déi ganz iberesch Hallefinsel eruewert, ausser Asturien, dat sech erfollegräich verdeegegt hat. Spuenien huet zu der Zäit nach Al-Andalus geheescht. 756 gouf den Emirat vu Córdoba gegrënnt.

Vun 1087 bis 1563 war Toledo d'Haaptstad vu Spuenien.

Eréischt 1492 ass déi vollstänneg Reconquista gelongen, D'Zréckeruewerung duerch d'Chrëschten. Domat huet och d'Verdreiwung vun de Muslimen an de Judden ugefaangen.

Datselwecht Joer huet de Christoph Kolumbus Amerika entdeckt an domat den Ufank fir spuenesch Virherrschaft um Mier agelaut. Duerch d'Bestietnes vum Isabella vu Kastilien an dem Ferdinand vun Aragón gouf am Joer 1469 eng nei Epoch ageleedt.

Ufank vum 16. Joerhonnert koum déi spuenesch Kroun an de Besëtz vun den Habsburger, et war den Optakt zu engem Welträich.

1588 hunn d'Englänner déi spuenesch Armada vernicht an 1700 geet déi Habsburger Dynastie mam Doud vum Karl II. op en Enn. No den Habsburger koumen d'Bourbonen un d'Muecht bis dem Napoléon Bonaparte seng Truppen a Spuenien agefall sinn. Dee 6-järegen Onofhängegkeetskrich deen duerno zustane koum, hat ganz schlëmm Konsequenze fir déi spuenesch Economie.

No der napoleonescher Invasioun gouf de Josef Bonaparte op den Troun beruff. Duerch de staarke Widderstand vun der spuenescher Populatioun koum et nees zu engem Muechtwiessel an d'Bourbonen hunn de Fernando VII. op den Thoun gesat.

1873 gouf déi éischt Republik proklaméiert, mä duerch e militäresche Putsch 1875 gouf d'Monarchie erëm hiergestallt. Den Alfonso XII. an duerno säi Jong den Alfonso XIII. goufe Kinnek vu Spuenien.

Am Ufank vum 19. Joerhonnert hu sech déi latäinamerikanesch Kolonien vum Mammeland geléist.

De faschistesche Generol Francisco Franco huet 1936 d'Muecht mat engem Putsch u sech gerappt an e Biergerkrich ausgeléist. No senger Viktoire am Joer 1939, gouf Spuenien politesch isoléiert. Am Ufank vum Koreakrich huet de Kale Krich säin Héichpunkt erreecht an Amerika interesséiert sech fir Spuenien, wéinst sengem strategesche Wäert.

1953 hu béid Länner de Pakt vu Madrid ënnerschriwwen, mat dem economesch an aussepolitesch Hëllef versprach gouf. US-Militärbase ginn a Spuenien agericht. Duerch d'Ënnerstëtzung vun den USA trëtt 1955 Spuenien der UNO bäi a mécht senger internationaler Isoléierung domat en Enn.

1975 ass de Franco gestuerwen an de Kinnek Juan Carlos gouf Chef vum Land. Zwee Joer duerno goufen déi éischt fräi Wale säit méi wéi 40 Joer ofgehalen.

1986 trëtt Spuenien der EU bäi.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geographie vu Spuenien.

Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa, läit op der iberescher Hallefinsel an huet eng Fläch vun 504.782 km². Am Nordoste grenzt et u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenien gehéieren ausserdeem nach d'Balearen an d'Kanaresch Inselen.

Zu Spuenien gehéieren nach a Frankräich d'Exklav Llívia an d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Spuenien huet vill Bierger. De Kär vun der iberescher Hallefinsel bilden zwou Héichflächen (Mesetas). Si huelen zesummen zwee Drëttel vun der Gesamtfläch an. Et sinn d'Meseta vun Al-Kastilien/Léon déi 800 m héich ass an d'Mesata vun Nei-Kastilien mat Extremadura a La Mancha déi 200 m héich ass. D'Kastilesch Bierger deelen d'Héichfläch, déi vu sëlleche Bierger ëmginn ass: dem Kantabrische Bierger an de Pyrenäen am Norden an der Sierra Morena am Süden. Am Süden erstreckt sech déi andalusesch Déiffläch.

E Véirel vum Land ass Bësch. Am fiichten Norde fënnt een éischter Buchen, Eechen an Iesskäschten, am Mëttelmiergebitt déi typesch Planze wéi Macchjien oder Olivebeem.

Gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt den Artikel: Lëscht vun de spuenesche Groussstied

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Bevëlkerung gëtt et an de Ballungszentren laanscht d'Küst an an den industrialiséierte Gebidder. Nëmmen ee véirels vun der Bevëlkerung wunnt um Land. De gréissten Deel stellen d'Kastillier, d'Andalusier, d'Asturier an d'Aragonier duer, also all déi Léit déi kastillesch schwätzen. Et sinn 73 %. 17 % si Katalanen, 7 % Galizier an 2 % Basken.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Spuenier si kathoulesch.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne vun der spuenescher Sprooch kommen aus dem Latäin. A Spuenien gëtt Spuenesch (Kastillesch), Katalanesch, Galizesch a Baskesch geschwat. Spuenesch ass déi offiziell Sprooch a ganz Spuenien, während déi aner dräi just an de jeeweilegen autonome Gebidder offiziell Sprooch sinn. Leonesesch an Aragonesesch gëtt och a Spuenien geschwat, mä si sinn net als offiziell Sprooch unerkannt. Zu Valencia an op de Balearen ginn och nach Ofwandlunge vum Katalanesche geschwat: Valencianesch an Mallorquinesch.

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

All Spuenier muss vum 6. bis zum 16. Liewensjoer an d'Schoul goen. No der Primärschoul kommen nach dräi weider Joer hannendrunn.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Bis an de 60er Jore war Spuenien gréisstendeels en Agrarland. D'Industrialiséierung huet vill economesch Problemer matsechbruecht, soudatt de Chômage bei 20 % läit. Den Undeel vun der Landwirtschaft um Bruttoinlandprodukt läit bei 4 %, de vun der Industrie bei 34 %. Den Déngschtleeschtungssecteur ass dee gréisste mat iwwer 60 %.

Déi wichtegst Industrieberäicher sinn d'Stolproduktioun, d'Autos- an d'Schëffsbauindustrie, d'Liewensmëttelproduktioun, d'Textilindustrie an d'Chimieindustrie. Déi meescht grouss Firme gehéieren auslännesche Bedreiwer, wéi z. B. VW oder Bayer. Den Aussenhandel ass net ausgeglach, héich Importer sti géint niddreg Exporter. Dësen Defizit wiesst ëmmer méi.

E wichtege Faktor ass den Tourismus, deem säin Zouwuess all Joer ëm 10 % klëmmt.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och: Lëscht vun de spuenesche politesche Parteien

De spuenesche Kinnek Juan Carlos

Zanter der Konstitutioun vun 1978 ass Spuenien eng parlamentaresch Monarchie. Säi Gouvernement huet awer méi d'Form vun enger Republik wéi vun enger Monarchie. Déi konstitutionell Organer sinn:

D'Kroun ass ierflech an de Kinnek ass den ieweschte Chef vum Staat. D'Funktioune vum Kinnek sinn haaptsächlech op representatif Zwecker vun der Verfassung festgeluecht, souwéi op d'Benennen an d'Entlosse vu Regierungscheffer an d'Bestätege vun de Gesetzer.

De Kongress gëtt fir véier Joer gewielt a besteet aus ongeféier 400 Memberen. De Senat besteet aus 208 Memberen déi direkt vum Vollek gewielt ginn, déi aner 51 Membere gi vun de jeeweilege Parlamenter vun den Autonome Gebidder bestëmmt. De Senat wiesselt och all Kéier no véier Joer.

Spuenien ass zanter Januar 1986 Member vun der EU.

Autonom Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ccaa-spain.png

Déi autonom Gebidder (Comunidades Autónomas) vu Spuenien sinn:

Déi zwou autonom Stied (Ciudades Autónomas) sinn:

Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dozou och den Artikel Fauna a Flora a Spuenien.

A Spuenien gëtt et méi wéi 400 verschidde Gebidder déi ënner Naturschutz stinn. Si hunn am Ganzen eng Fläch vun iwwer zwou an eng hallef Millioun Hektar, déi déi wichtegst Ökosystemer vun der Iberescher Hallefinsel an den Inselen zesummefaassen.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi ongëschteg landwirtschaftlech Bedéngungen ass et ganz schwéier déi noutwendeg Infrastrukturen duerch ganzt Land anstänneg ze bauen. Persounen- a Giddertransport ginn haaptsächlech iwwer d'Stroosennetz gemaach. Déi privat an déi staatlech Eisebunngesellschafte sinn net an der Lag den Transport uerdentlech ze garantéieren. Duerch den Tourismus si vill international Fluchhäfe laanscht d'Küst entstanen, wou och ganz wichteg Häfe sinn (Barcelona, Gijón, ...).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Spuenien Nuvola apps xmag.png

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien