1947
Vu Wikipedia
1942 | 1943 | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1947.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- : Den 1. MäerzInternationale Währungsfonds fänkt u mat schaffen.
- 30. Oktober: Allgemengt Douanes- an Handelsofkommes (GATT) gëtt ofgeschloss; et trëtt den 1. Januar 1948 a Kraaft.
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- : D'Grouwen a Groussbritannie gi verstaatlecht. 1. Januar
- 16. Januar: De Vincent Auriol gëtt Staatspresident vu Frankräich.
- 19. Januar: Bei den éischte Parlamentswalen a Polen kritt de kommunistesch domiéierten "Demokratesche Block" offiziell 80,1 % vun de Stëmmen; Kritiker no wieren et knapps 50 % gewiescht.
- 22. Januar: De Paul Ramadier gëtt als Nofolger vum Léon Blum Regierungschef Frankräich.
- Januar/Februar: Ee vun de keelste Wanteren zanter Joerzéngten, wann net Joerhonnerten, a Mëtteleuropa.
- : Den 1. FebruarAlcide De Gasperi gëtt Regierungschef an Italien.
- : De 5. FebruarBolesław Bierut gëtt Staatspresident a Polen.
- 25. Februar: De Staat Preisen gëtt per Gesetz opgeléist.
- 19. Mäerz: De Paul-Henri Spaak gëtt fir d'drëtt Kéier Premierminister an der Belsch.
- : De 1. AbrëllPaul I. gëtt, nom Doud vu sengem Brudder Georg II., Kinnek vu Griicheland.
- 20. Abrëll: De Frederik IX. gëtt, nom Doud vum Christian X., Kinnek vun Dänemark.
- 31. Mee: Den Alcide De Gasperi gëtt op en neies italienesche Regierungschef.
- 31. Mee: An Ungarn trëtt de Ministerpresident Ferenc Nagy zréck, nodeem Kommuniste säi Jong entfouert haten.
- : Den US-Ausseminister 5. JuniGeorge C. Marshall mécht op der Harvard-Universitéit d'Prinzipie vum Marshallplang fir Europa ze hëllefen, bekannt.
- 11. Juli: D'Schëff Exodus fiert vu Sète a Palestina.
- 20. August: Uerteeler am Nürnberger Dokteschprozess géint 20 NS-Medeziner: 4 Doudesstrofen, 7 Fräispréch, de Rescht z. D. liewenslaange Prisong.
- 23. August: Den Dimitros Maximos trëtt als Regierungschef vu Griicheland, Nofolger gëtt den 29. den August Konstantin Tsaldaris.
- 31. August: Bei de Walen an Ungarn gëtt d'Kommunistesch Partei déi stäerkst Partei.
- 15. September: D'Paräisser Friddensvertreeg mat de fréieren Alliéierte vun Däitschland (Italien, Rumänien, Ungarn, Bulgarien a Finnland) trieden a Kraaft.
- 20. November: Bestietnes vun der Prinzessin Elisabeth vu York, mam Lt. Philipp Mountbatten, bis du Prënz vu Griicheland an Dänemark.
- 24. November: De Robert Schuman gëtt neie Regierungschef a Frankräich als Nofolger vum Paul Ramadier.
- 30. Dezember: De Kinnek Michail I. vu Rumänien dankt of, Rumänien gëtt eng Volleksrepublik.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- : D' 1. MäerzRegierung Dupong-Schaus gëtt vereedegt.
- : An der Regierung ginn de 3. MäerzVictor Bodson an den Dominique Urbany duerch den Alphonse Osch an de Robert Schaffner ersat.
- 27. Oktober: Lëtzebuerg gëtt Member vun der UNESCO.
- 22. Oktober: Déi stierflech Iwwerreschter vun der Marie-Anne an der Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg ginn op Lëtzebuerg iwwerfouert.
- 31. Dezember: Extreemt Héichwaasser op der Musel.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 29. Mäerz: Op Madagaskar fänken Onrouen un géint déi franséisch Kolonialherrschaft, déi e puer Méint daueren.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
- : Den 7. JanuarGeorge C. Marshall gëtt neien Ausseminister an den USA.
- 12. Mäerz: Truman-Doktrin, Ufank vun der amerikanescher Containment-Politik.
- : Den US-Ausseminister 5. JuniGeorge C. Marshall mécht op der Harvard-Universitéit d'Prinzipie vum Marshallplang fir Europa ze hëllefe bekannt.
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 25. Mäerz: Holland an Indonesien eenege sech am Traité vu Linggadjati iwwer d'Onofhängegkeet vun Indonesien.
- : Eng nei 3. Meejapanesch Verfassung trëtt a Kraaft.
- : De britesche 3. JuniVizekinnek Mountbatten verkênnegt de Plang, Indien opzedeelen; Pakistan gëtt 2 Méint duerno gegrënnt.
- 19. Juli: De burmesesche Staatsmann Aung San gëtt Affer vun engem Attentat.
- 14. August: Pakistan gëtt gegrënnt, éischte Staatspresident ass den Ali Jinnah.
- 15. August: Indien gëtt onofhängeg, éischte Regierungschef gëtt de Jawaharlal Nehru.
- 21. Oktober: Ufank vum Konflikt ëm d'Herrschaft iwwer de Kaschmir; 6 Deeg drop kënnt et zum Éischten Indesch-Pakistanesche Krich
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten[änneren | Quelltext änneren]
- 29. November: Mat der Resolutioun Nummer 181 decidiéiert d'UN-Vollversammlung den Deelungsplang fir Palestina, dee virgesäit, datt, nodeem datt d'Brite sech zréckzéien, 1948 ee jiddeschen an ee palestinenseche Staat gegrënnt solle ginn, a Jerusalem en internationale Status soll kréien.
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Oktober: De Chuck Yeager bréchtals éischt Mënsch mat enger Bell X-1 duerch d'Schallmauer
- 23. Dezember: De William B. Shockley, John Bardeen a Walter H. Brattain presentéieren de Prototyp vun engem bipolaren Transistor.
- Den Auguste Piccard erfënnt de Bathyscaph, en U-Boot dat ganz déif ka goen.
- Mat der Entdeckung vum Promethium gëtt dat lescht "Lach" am Periodesystem vun den Elementer gefëllt.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 23. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Rewenig geschoss.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 3:3 géint Frankräich. Déi dräi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de 4. MeeCamille Libar geschoss.[2]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an engem Benefizmatch fir Oeuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg 4:3 géint England. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch, Camille Libar (2) an Nicolas Kettel geschoss.[3]
- 17. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu St. Gallen 0:5 géint Schwäiz.[4]
- 21. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag 1:8 géint Tschechoslowakei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Letsch geschoss.[5]
- 24. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:6 géint Schottland.[6]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- Franck Goddio, franséischen Ënnerwaasserarcheolog.
- Felicitas Mayall, däitsch Journalistin a Schrëftstellerin.
- Gisela Pauly, däitsch Schrëftstellerin.
- : 2. JanuarJoseph Pesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 7. JanuarCarlo Bamberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 8. JanuarDavid Bowie, britesche Museker
- 12. Januar: Joseph Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Januar: Megawati Sukarnoputri, indonesesch Politikerin, Presidentin vun Indonesien
- 26. Januar: Robert Cailliau, belschen Elektrotechniker.
- 26. Januar: Patrick Dewaere, franséische Schauspiller.
- 28. Januar: Fons Bastijns, belsche Foussballspiller.
- 29. Januar: Linda B. Buck, US-amerikanesch Neurophysiologin.
- : 1. FebruarMartin Chalfie, US-amerikanescher Nobelpräisdréier fir Chimie
- : 2. FebruarFarrah Fawcett, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 3. FebruarPaul Auster, US-amerikanesche Schrëftsteller a Regisseur.
- 11. Februar: Yukio Hatoyama, japanesche Politiker.
- 15. Februar: Malcolm Hartley, australeschen Astronom.
- 15. Februar: Marisa Berenson, amerikanesch Filmschauspillerin.
- 16. Februar: Christian Bauer, lëtzebuergeschen Architekt.
- : 5. MäerzGaston Mannes, lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler.
- 14. Mäerz: Billy Crystal, US-amerikanesch Komiker, Schauspiller a Regisseur.
- 15. Mäerz: Ry Cooder, US-amerikanesche Museker
- 19. Mäerz: Jean Bourdelle, franséische Journalist, Schrëftsteller an Ecologist.
- 19. Mäerz: Glenn Close, US-amerikanesch Schauspillerin
- 22. Mäerz: André Heller, éisträichesche Kënschtler.
- 22. Mäerz: James Patterson, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 22. Mäerz: Guy Theisen, lëtzebuergesche Museker.
- 25. Mäerz: Elton John, britescher Sänger, Komponist a Pianist
- 26. Mäerz: Jean Huss, lëtzebuergesche Politiker.
- 29. Mäerz: Léon Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 1. AbrëllIngrid Steeger, däitsch Schauspillerin.
- : 2. AbrëllEmmylou Harris, US-amerikanesch Country-Sängerin.
- : 8. AbrëllPascal Lamy, franséische Politiker.
- 12. Abrëll: Tom Clancy, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 12. Abrëll: David Letterman, US-amerikanesche Talkmaster.
- 12. Abrëll: François Müller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Abrëll: Paul Krack, lëtzebuergesche Moler.
- 19. Abrëll: Nico Wennmacher, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 20. Abrëll: Christiane Ehlinger, lëtzebuergesch Kannerbuch-Schrëftstellerin.
- 21. Abrëll: Iggy Pop, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 29. Abrëll: André Wilms, franséische Schauspiller.
- : 5. MeeGermaine Goetzinger, lëtzebuergesch Literaturwëssenschaftlerin, Historikerin an Auteur.
- Malam Bacai Sanhá, Politiker vu Guinea-Bissau. 5. Mee:
- : 7. MeeEmmanuel Krivine, franséischen Dirigent.
- 20. Mee: Sky du Mont, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 28. Mee: Zahi Hawass, egypteschen Archeolog an Egyptolog.
- 28. Mee: Sondra Locke, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 1. JuniChristian Paureilhe, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- Konstantin Wecker, däitsche Liddermécher. 1. Juni:
- Ron Wood, britesche Rockmuseker. 1. Juni:
- : 2. JuniJean-Pierre Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 4. JuniViktor Klima, éisträichesche Politiker a Manager.
- Pol Pütz, lëtzebuergeschen Auteur. 4. Juni:
- 18. Juni: Bernard Giraudeau, franséische Schauspiller.
- 19. Juni: Salman Rushdie, britesche Schrëftsteller.
- 26. Juni: Peter Sloterdijk, däitsche Kulturphilosoph.
- 26. Juni: Lucien Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 7. JuliGyanendra, Kinnek vun Nepal.
- : 9. JuliMitch Mitchell, englesche Batteur.
- 9. Juli: O. J. Simpson, US-amerikaneschen American Footballstar a Schauspieler
- 10. Juli: Arlo Guthrie, amerikanesche Museker.
- 11. Juli: Claude Schmit, lëtzebuergeschen Theaterregisseur.
- 13. Juli: Navin Ramgoolam, Politiker vu Mauritius.
- 20. Juli: Carlos Santana, Museker.
- 20. Juli: Jean Scrigna, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Juli: Robert Parker, US-amerikaneschen Auteur, Editeur a Wäikritiker.
- 25. Juli: Lucien Clement, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Juli: Moritz Ney, lëtzebuergesche Moler, Sculpteur an Zeechner.
- 29. Juli: Baru, franséische Comiczeechner.
- 30. Juli: Arnold Schwarzenegger, éisträichesch-US-amerikanescher Boddy-builder, Schauspiller a Politiker.
- 31. Juli: Richard Griffiths, britesche Schauspiller.
- : 7. AugustSofia Rotaru, russesch-ukrainesch Popsängerin.
- 12. August: Jean Schroeder, lëtzebuergeschen Historiker.
- 16. August: Ed Federmeyer, lëtzebuergeschen Eisebunnsinteressent.
- 21. August: Guy Michels, lëtzebuergesche Moler.
- 24. August: Roger de Vlaeminck, belsche Vëloscoureur.
- 30. August: Jack Martin Händler, slowakeschen Dirigent a Violonist.
- 31. August: Guy Rewenig, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- : 2. SeptemberLouis Michel, belsche Politiker.
- : 3. SeptemberKjell Magne Bondevik, norwegesche Politiker.
- 11. September: Frank Wilhelm, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 14. September: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 19. September: Roger Gilson, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 21. September: Stephen King, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 26. September: Lucien Welscher, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. September: Harry Baer, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 27. September: Marie-Christine Faber, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 27. September: Pol Leurs, lëtzebuergesche Cartoonist.
- 27. September: Meat Loaf, US-amerikanesche Rocksänger a Schauspiller.
- : 5. OktoberBrian Johnson, australeschen Hardrock-Sänger.
- : 7. OktoberFrance Gall, franséisch Sängerin.
- 11. Oktober: Lucas Papademos, griicheschen Economist.
- 26. Oktober: Hillary Clinton, US-amerikanesch Politikerin.
- 29. Oktober: Coline Serreau, franséisch Filmmécherin a Schrëftstellerin.
- 31. Oktober: Herman Van Rompuy, belsche Politiker.
- : 8. NovemberKinga Göncz, ungaresch Politikerin.
- 12. November: Patrice Leconte, franséische Regisseur an Dréibuchauteur.
- 20. November: Wolfgang Osterheld, däitsche Fotograf.
- 26. November: Emile Lahure, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. November: Ismail Omar Guelleh, President vun Dschibuti.
- 28. November: Michel Berger, franséische Sänger a Komponist.
- 28. November: Maria Farantouri, griichesch Sängerin.
- 30. November: Sergio Badilla Castillo, chileneschen Dichter.
- 30. November: Jeanette Goergen, lëtzebuergesch Bouschéisserin.
- : 1. DezemberAlain Bashung, franséische Museker.
- : 2. DezemberFernand Remakel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 8. DezemberFrancis Huster, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Regisseur.
- Margaret Geller, US-amerikanesch Astrophysikerin. 8. Dezember:
- : 9. DezemberJhang Meis, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 14. Dezember: Dilma Rousseff, brasilianesch Politikerin.
- 17. Dezember: Mykola Asarow, ukrainesche Politiker.
- 20. Dezember: Georges Schroeder, lëtzebuergesche Jurist, President vum Staatsrot.
- 21. Dezember: Paco de Lucía, spuenesche Gittarist a Komponist.
- 29. Dezember: Fernand Weides, lëtzebuergesche Journalist.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- Alphonse Jungers, lëtzebuergesche Moler.
- 20. Januar: Pierre Krier, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Januar: Aline Mayrisch-de Saint-Hubert, lëtzebuergesch Konscht- a Literaturfërderesch.
- 25. Januar: Al Capone, US-amerikanesche Gangster.
- 26. Januar: Berthe Gheude, belsch Exploratrice a Feministin.
- 30. Januar: Georges Thinnes, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- : 5. FebruarHans Fallada, däitsche Schrëftsteller.
- : 1. MäerzNicolas Ludovicy, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- : 1. AbrëllGeorg II., Kinnek vu Griicheland.
- : 7. AbrëllHenry Ford, US-amerikanesche Entreprener.
- 15. Mäerz: Berthe Brincour, lëtzebuergesch Molerin.
- 28. Mäerz: Leon M. Lion, britesche Schauspiller.
- 29. Mäerz: Hendrik van Gent, hollänneschen Astronom.
- 16. Abrëll: Rudolf Höß, däitschen Nationalsozialist Kommandant vum KZ Auschwitz.
- 18. Abrëll: Ferdinand Wirtz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 20. Abrëll: Christian X., Kinnek vun Dänemark.
- 21. Abrëll: Heitor Silva Costa, brasilianesche Bauingenieur.
- 24. Abrëll: Léopold Goebel, lëtzebuergesche Drécker a Politiker.
- 29. Abrëll: Irving Fisher, US-amerikaneschen Economist.
- 16. Mee: Frederick Gowland Hopkins, britesche Biochemiker, Physiolog an Nobelpräisdréier.
- 20. Mee: Philipp Lenard, däitschen Nobelpräisdréier.
- 13. Juni: Frantz Funck-Brentano, lëtzebuergeschen Historiker.
- 11. Juli: Joseph Braun, däitsche Jesuit a Konschthistoriker.
- 19. Juli: Aung San, Kommandeur vun der Unabhängeger Arméi vu Birma an Nationalheld.
- 19. Juli: Robert L. Owen, US-amerikanescher Politiker.
- 22. Juli: Josef Behrens, däitschen Ingenieur an Erfinder.
- 21. August: Ettore Bugatti, italieneschen Autosconstructeur.
- 28. August: Manuel Laureano Rodríguez Sánchez, genannt Manolete, spueneschen Torero.
- : 3. SeptemberNicolas Thurm, lëtzebuergeschen Dokter, Botaniker a Geolog.
- : 6. SeptemberPaul Guthnick, däitschen Astronom.
- : 9. SeptemberVictor Horta, belsche Jugendstil-Architekt.
- 15. September: Annie Maunder, britesch Astronomin a Mathematikerin.
- : 4. OktoberMax Planck, däitsche Physiker Nobelpräisdréier.
- 13. Oktober: Archibald Montgomery-Massingberd, britesche Feldmarschall, Chef vum Imperialen Etat-major.
- 13. Oktober: Jules Vandievoet, Theatermoler am Grand Théâtre de Luxembourg.
- 14. November: Friedrich von Gagern, éisträichesche Schrëftsteller.
- 20. November: Wolfgang Borchert, däitsche Schrëftsteller.
- 20. November: Georg Kolbe, Sculpteur.
- 30. November: Ernst Lubitsch, däitsche Filmregisseur
- 14. Dezember: Stanley Baldwin, britesche Politiker.
- 14. Dezember: Théodore Witry, lëtzebuergeschen Nervendokter.
- 28. Dezember: Viktor Emanuel III., Kinnek vun Italien.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 1947 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 23. Mäerz 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 4. Mee 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 13. Mee 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 17. Mee 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 21. Mee 1947 op der Websäit vum European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schottland de 24. Mee 1947 op der Websäit vum European Football