Slowenien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Republika Slovenija

Slowenesche Fändel

Slowenescht Wopen

Detailer

Detailer
EU location SLO.png
Offiziell Sprooch: Slowenesch
Haaptstad: Ljubljana
 • Koordinaten: Gnome-globe.svg46° 03’ 05.11’’ N
     14° 30’ 21,54’’ O
Staatsform: Republik
 • President: Borut Pahor
 • Premierminister: Miro Cerar
Fläch: 20 273 km²
Bevëlkerung: 2 013 597 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 99,32/km²
Onofhängegkeet: 25. Juni 1991
(Onofhängegkeetserklärung)
Nationalfeierdag: 25. Juni
Nationalhymn: Zdravljica
Lauschteren
Währung: Euro (virum 01.01.2007: Sloweneschen Tolar)
Internet TLD: .si
Internationalen
Telefonsprefix
:
+386
Slovenia map.png

Slowenien (Slowenesch: Slovenija) ass eng Republik an Europa, déi un Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an d'Adria grenzt. De Süde vu Slowenien gëtt dem Balkan resp. der Balkanhallefinsel zougerechent.

Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat néng anere Länner Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf och den Euro, deen de sloweneschen Tolar ofgeléist huet, mat Succès agefouert.

Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 Awunner Ljubljana. Si läit zentral an ass doduerch Dréischeif vum Verkéier.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Trotz senge klengen Dimensiounen (24 % vun Éisträich) sinn a Slowenien d'Landschafte ganz verschidden. Am Nordweste läit d'Biergkette vun de Juleschen Alpen, Karawanken a Steiner Alpen, déi geologesch zu de südleche Kalkalpe gehéieren. Am Nationalpark Triglav läit déi héchst Spëtzt vum Triglav (2.864 m), héchste Punkt vum Land, no deem de slowenesche Nationalpark genannt ass, deen och am sloweneschen Nationalwope säin Ausdrock fënnt.

Vun de véier wichtegste Flëss hunn der zwéin hir Quell an de Juleschen Alpen – d'Soča (ital. Isonzo) an d'Save (slow. Sava). Déi zwéi gréisst Flëss kommen awer aus Éisträich, nämlech d'Drau (slow. Drava) an d'Mur (slow. Mura). Während d'Soča an hirem ënneschte Laf italienesche Buedem bewässert, an an d'Adria leeft, fléissen d'Save, d'Drau an hiren Niewefloss, d'Mur, no Osten an d'Donau (D'Mëndung ass a Kroatien bzw. Serbien).
Iwwer d'Hallschent vun der Landesfläch besteet aus Bëscher.

Am Nordoste vum Land dominéiere mëttelhéich Bierger an hiwweleg Landschaften, déi nordëstlech vun der Mur an d'Flaachland an an d'Hiwwele vum Iwwermur-Gebitt (slowen. Prekmurje) iwwergeet, während an der Mëndungsgéigend Drau-Mur déi 50x20 km² grouss "Murinsel" Medimurje scho gréisstendeels op kroateschem Staatsgebitt läit. An der Mëtt an am Süde vum Land, en Deel vun der Hallefinsel Istrien, fënnt ee grouss typesch Karstflächen. Am äusserste Südweste vum Land läit déi 47 km laang Küst laanscht d'Adriatescht Mier. Dat ass den déifste Punkt vum Land. Zanter datt Slowenien sech vum fréiere Jugoslawien getrennt huet, huet Slowenien en eegene Mierkorridor, iwwer deen et elo mat Kroatien abezunn iwwer de Schëffsverkéier verhandelt.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Südweste vum Land ass e mediterrane Klima mat waarme Summeren a mëlle, fiichte Wanteren. Bannen am Land huet d'Klima e kontinentale Charakter.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

  • Ethnesch Struktur: 83,06 % Slowenen, 1,98 % Serben, 1,81 % Kroaten, 1,1 % Bosnier, kleng autochthon Minoritéite vun Italiener an Istrien (0,11 %), Ungarn an der ëstlecher Regioun Prekmurje (0,32 %), souwéi Aléisträicher (0,03 %, dt. Mammesprooch: 0,1 %, dorënner eng kleng Grupp vu Gottscheer déi iwwereg bliwwe sinn). Bei 8,90 % vun der Bevëlkerung ass et net méiglech se ethnesch ze klasséieren, well keng Donnéeë virleien.

Gréisser Stied[änneren | Quelltext änneren]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger Vollekszielung vun 2002 bekenne sech 57,8 % vun de Slowenen zur Réimesch-Katholescher Kierch, 2,5 % si Muslimen, 2,3 % orthodox, 0,9 % Protestanten .(Als "Gleeweg, ouni Konfessioun" bezeechne sech 3,5 % vun de Slowenen, als Atheisten 10,1 %. Bei 22,8 % vun de Slowene feelt d'Ausso).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech déi slawesch Virfahre vun de Slowenen am 6. Joerhonnert an d'Gebitt vum haitege Slowenien komm sinn a sech do niddergelooss hunn. Am 7. Joerhonnert ass dat slawescht Fürstentum Karantanien (Karantanija) am haitege Kärnten entstanen, den éischte Staat, slawescher Herkunft dee villes mat de slowenesche Virfahre gemeinsam hat. Och wann et weder eng territorial nach eng politesch Verbindung mat de Slowenen gouf, gëtt dëst Fürstentum allgemeng a Slovenien als éischte Slowenestaat gesinn. Am Verlaf vun den zwee folgende Joerhonnerte koum Karantanien fir d'éischt ënner bayeresch, an du fränkesch Herrschaft. An der Mëtt vum 10. Joerhonnert war no der Victoire vum Kinnek a spéidere Keeser Otto I. an der Schluecht um Lechfeld (bei Augsburg) de Wee fir d'Kolonisatioun am Oste vum Hellegen Réimeschen Räich fräi. An der Mëtt vum 13. Joerhonnert goufe grouss Géigende vu Slowenien habsburgesch, mat Ausnam vun der Grofschaft vun der Sanegg zu Cilli (Celje). Duerno stoung Slowenien bis zum Enn vum Éischte Weltkrich - mat enger kurzer Ënnerbriechung während den Napoleoneschen Kricher - ënner habsburgescher Herrschaft.

Am 19. Joerhonnert huet d'Nationalbewusstsein ëmmer méi zougeholl an dat huet 1918 zur Proklamatioun vum Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen gefouert; Italien huet duerop hin d'slowenesch Küsteregioun, déi d'Kinnekräich dunn 1920 am Grenzvertrag vu Rapallo offiziell kritt hat, missen ofginn. Dat huet zu Ausenanersetzunge mat Italien gefouert. Okkupéiert vun de slaweschen Truppen gouf déi deemoleg Untersteiermark mat der Haaptstad Marburg ouni Referendum u Jugoslawien ugeschloss. 1929 ass d'Land dunn no engem Staatsstreech an d'Kinnekräich Jugoslawien ëmbenannt gi. Doduerch hunn d'Serben am Kinnekräich ëmmer méi dominéiert. Ausserdeem hu d'Slowenen de Verloscht vun hirer Küsteregioun staark bedauert. Well sech de Kinnek den Achsemiecht rapprochéiert huet, koum et zu Opstänn, an de Kinnek gouf ofgesat. Doropshin hunn d'Achsemiecht reagéiert; si sinn 1941 kurzerhand a ganz Jugoslawien ageréckt an hunn Slowenien ënner Italien, Ungarn an Däitschland opgedeelt. Dat hat zur Folleg, datt onmëttelbar duerno eng vu Kommunisten dominéiert Fräiheetsfront (Osvobodilna Fronta) gegrënnt gouf. Eng Rei vu Partisaneverbänn hu sech forméiert. Nom Zweete Weltkrich gouf souzesoen déi ganz däitschsproocheg Minoritéit aus Revanche verdriwwen. Massakere sinn och net ausbliwwen.

Nom zweete Weltkrich ass den 29. November 1945 d'Demokratesch Föderative Volleksrepublik Jugoslawien , déi sech 1963 a Sozialistesch Föderativ Republik Jugoslawien (SFRJ) ëmgedeeft huet, gegrënnt ginn. Déi staark Onzefriddenheet mat der Belgrader Regierung ass an den 1980er Joren ëmmer méi gewuess an et koum de 25. Juni 1991 zu enger Onofhängegkeetserklärung vu Slowenien. Jugoslawesch Truppe sinn amarchéiert an d'Slowenen hu sech mat Erfolleg géint si gewiert. D'Ausscheedung aus der Jugoslawescher Republik ass zimlech ouni gréisser Problemer erfollegt an den 23. Dezember 1991 huet sech Slowenien eng demokratesch Verfassung nom europäesche Virbild ginn. Slowenien gouf kuerzerhand vun allen europäesche Länner unerkannt, Bäitrëttsverhandlungen mat der EU opgeholl, wat den 1. Mee 2004 zu sengem Bäitrëtt gefouert huet.

Tartini-Plaz zu Piran

Politesch Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

Ieweschte Chef vun der Republik Slowenien ass de President, deen awer haaptsächlech nëmmen eng representativ Funktion ausübt an all fënnef Joer direkt vum Vollek gewielt gëtt. Hien ass en Deel vum exekutive Pouvoir, deen hien zesumme mam Ministerpresident a mat der Ënnerstëtzung vum Ministerrot ausübt. Dës béid gi vun der Nationalversammlung gewielt.

Dat slowenescht Parlament besteet aus zwou Chamberen: Der Nationalversammlung (Državni zbor) a dem Nationalrot (Državni svet). D'Nationalversammlung setzt sech aus 90 Deputéierten zesummen, déi zum Deel duerch eng direkt Wal bzw. Opgrond vun engem Proporzsysteem bestëmmt ginn. Déi autonom Minoritéite vun Italiener an Ungarn profitéiere vun engem garantéierte Volleksgruppemandat. A Froen, déi sech exklusiv op d'Rechter vun der Minoritéit bezéien, hunn dës Volleksgruppendeputéierten en absolut Vetorecht.

An den Nationalrot gi 40 Deputéierten aus sozialen, wirtschaftlechen a regionalen Interessesgruppe geschéckt. D'Parlamentswale ginn all véier Joer ofgehalen.

Am Kader vun der NATO-Osterweiterung gouf Slowenien den 29. März 2004 Member vun der NATO. Zanter dem 1. Mee 2004 ass et an der Europäeschen Unioun.

Verwaltungsglidderung[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ass an 210 Gemengen (slowenesch občine, Sg. občina), dorënner eelef Stadgemengen, opgedeelt. Iwwer d'Schafe vu Regioune gëtt nogeduecht.

Bezéiungen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ënnerhält gutt Bezéiungen zu Lëtzebuerg. Am Zweete Weltkrich gouf nämlech déi lëtzebuergesch Fräiwellegekompanie vun den Däitschen no Slowenien versat, fir do géint d'Partisanen agesat kënne ze ginn. D'Lëtzebuerger hunn du gemeutert a goufen du vun den Däitschen an de Prisong oder an d'Kazett gestach. D'Slowenen, déi zu hinnen Zougank haten hu si heemlech versuergt. D'Slowenen hunn hinnen héich ugerechent, datt si sech geweigert hunn, fir op d'Partisanen ze schéissen. Zanter deemools stinn nach ëmmer letzebuergesch a slowenesch betraffe Familljen an enker Bezéiung.

An der Weltbank an am Internationale Währungsfong si Lëtzebuer a Slwenien des Weideren an derselwechter Grupp a ginn an hire Verwaltungsréit duerch een an deselwechten Exekutivdirekter vertrueden. Dat trëfft och fir d'BERD zou.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Mierhafe vu Koper

Vu sämtleche Länner aus Osteuropa, déi der Europäescher Communautéit nei bäigetratt sinn, ass Slowenien de Musterschüler, dat Land, wou d'Privatisatioun am beschten iwwer d'Bühn gaangen ass a wou d'Economie sech eenegermoossen, ouni allzegrouss Schwieregkeeten, un de westleche Standard ugepasst huet. Slowenien huet eng gemëscht Wirtschaft, déi op der enger Säit op déi lokal Traditioune vum Handwierk an der Landwirtschaft opgebaut ass, an zum aneren den Usprëch vu modernen Dengschtleeschtungen gerecht gëtt. Slowenien ass mat knapps zwou Milliounen Awunner zwar e klengt Land, ass awer wirtschaftlech ganz gesond.

Pro-Kapp läit d'Akommes vun de Slowenen am europäeschen Mëttelfeld. Zanter dem 1. Januar 2007 ass den Euro déi offiziell Währung vu Slowenien.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ass bekannt fir säi Wäibau. Virun allem de Wäin aus der Ënnersteiermark gëtt gréisstendeels no Däitschland an Éisträich exportiert.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

An der Industrie si ronn 40 % vun der aktive Bevëlkerung täteg. D'Nahrungsmëttelindustrie huet mat iwwer 10 % de gréissten Undeel un der gesamten Industrieproduktioun. Nieft hir sinn d'Elektro- an d'Elektronikindustrie (zirka 10 %), d'Metallveraarbechtung an de Maschinenbau (10 %) wéi och déi chemesch a pharmazeutesch Industrie (9 %) vu gréisserer Bedeitung . Eng nei Industriebranche, déi ëmmer méi Bedeitung kritt ass d'Automobilindustrie (an d'Automobilzoulieferindustrie am wäiteste Sënn) ë. a. wéinst den neie Renault-Wierker.

Déngschtleeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter senger Onofhänegkeet am Joer 1991 huet Slowenien säin Déngschtleeschtungssekteur staark ausgebaut; e beschäftegt mëttlerweil 53 % vun den Aarbechtsplazen am Land. Slowenien huet ee fir Mëtteleuropa gutt ausgebaute Verkéierssystem. Nieft de kulturellen a wirtschaftlechen Zentren zu Ljubljana, Haaptstad mat eegenem internationalen Fluchhafen) a Maribor besti virun allem an de Juleschen Alpen an un der Küst vum Adriatesche Mier gutt ausgebaut Strukture fir d'Entwécklung vum Tourismus.

Duerch de Mierhafe vu Koper ënnerhält Slowenien Schëffsverbindunge mat der ganzer Welt an ass en Duerchganksland fir Wueren no Mëtteleuropa.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hösler, Joachim: Slowenien. Von den Anfängen bis zur Gegenwart. Regensburg: Friedrich Pustet, 2006. ISBN 3-7917-2004-X
  • Rehder, Petra: Slowenien. München, 1999. ISBN 978-3-406-39879-7
  • Sowards, Steven W.: Moderne Geschichte des Balkans. Der Balkan im Zeitalter des Nationalismus. Seuzach, Schweiz: G. Liebetrau, 2004. ISBN 3-8334-0977-0 (BoD)
  • MERIAN: Slowenien, Jahreszeiten Verlag GmbH, Hamburg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Slowenien – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[änneren]

  1. Stand: 31. Mäerz 2007. Source: stat.si