Monaco

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Principauté de Monaco

Monegassesche Fändel

Detailer

National Devise: Deo Juvante
(lat.: "Mat der Hëllef vum Herrgott")
Monaco-carte.jpg
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Monaco
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Fürst: Albert II.
 • Premierminister: Jean-Paul Proust
Fläch: 2,02 [1] km²
Bevëlkerung: 32 020 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 15 851/km²
Onofhängegkeet: vun der Republik Genua,
den 8. Januar 1297
Nationalfeierdag: 19. November
Nationalhymn: Monegassesch Hymn
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .mc
Internationalen
Telefonsprefix
:
+377

D'Fürstentum Monaco ass e Staat an Europa, an zwar eng Enklav am franséischen Territoire, um Bord vum Mëttelmier, ëstlech vun Nice, net wäit vun der italienescher Grenz. Seng Küst laanscht d'Mëttelmier ass ronn 4 km laang. Monaco huet eng Fläch vun 202 ha an 32.020 Awunner (Vollekszielung 2000). Mat bal 16.000 Awunner pro km² ass Monaco deen am meescht bevëlkerte Staat op der Welt.

Vue op Monte Carlo a säin Hafen

Säin Numm kënnt hier vun de griichesche Siidler, déi sech am 5. Joerhonnert v. Chr. um haitegen Territoire vu Monaco néiergelooss hunn. Zu Éiere vum Herakles "Monoikos" hate si nämlech en Tempel gebaut. Doraus ass d'Bezeechnung Monaco entstanen.

Haut wunnen zu Monaco net nëmme Monegassen, mä och vill räich Leit vun iwwerall, déi sech aus steierleche Grënn do néiergelooss hunn.

Monaco ass praktesch nëmmen eng Stad, déi verwaltungsméisseg aus 6 Deeler besteet. Een dovun, de bekanntsten, ass Monte Carlo.

De Casino vu Monte Carlo

Vu senger Surface hier gesinn ass Monaco nom Vatikanstad dee klengsten, awer dichtbesidelste Staat vun der Welt.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Monaco huet zwar seng eege Sprooch (Monegassesch), e romaneschen Dialekt, mä déi offiziell Sprooch ass Franséisch.

De Prënzepalais um Rocher

Referenzen an Notten[änneren]

  1. Source: Monaco en chiffres, Édition 2006
  2. Lescht Vollekszielung vun 2000.
    Vun den 32 020 Awunner waren der 6089 Monegassen. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monaco – Biller, Videoen oder Audiodateien