Ungarn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Hungaria template.gif Dëse Geographiesartikel zu Ungarn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Magyar Köztársaság

Fändel vun Ungarn

Wope vun Ungarn

Detailer

Detailer
EU location HUN.png
Offiziell Sprooch: Ungaresch
Haaptstad: Budapest
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • President: János Áder [1]
 • Premierminister: Viktor Orbán
Fläch: 93 036 km²
Bevëlkerung: 10 053 000 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 108/km²
Onofhängegkeet: 31. Oktober 1918
Nationalfeierdag: 21. Juli
Nationalhymn: Himnusz
(Lauschteren)
Währung: Forint
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .hu
Internationalen
Telefonsprefix
:
+36

Ungarn (ungaresch: Magyarország) ass eng Republik am Südoste vu Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un d'Slowakei, am Nordosten un d'Ukrain, am Osten u Rumänien an am Süden u Serbien, Kroatien a Slowenien. Am Westen ass Éisträich de Noper. Ungarn ass Member vun der OECD, der NATO an der Europäescher Unioun.

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land ass Budapest.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Puszta, eng typesch ungaresch Steppelandschaft, hëlt e groussen Deel vum Land an.

Den héchste Bierg ass de Kékes (1014 m).

Grouss Flëss an Ungarn sinn d'Donau, d'Tisza, d'Drava, d'Mura, d'Zala, a d'Kőrös.

Déi greisste Séie sinn de Balaton, de Fertő tó an de Velencei tó.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Ungaresch ass eng Finno-Ugresch Sprooch an domat eng vun de wéinege Sproochen an Europa déi keng indoeuropäesch Wuerzelen huet. Dofir ass se dann och fir Mammesproochler aus dem indoeuropäesche Raum relativ schwéier ze léieren.

Ungaresch gläicht dem Finneschen an Estneschen, allebéid finno-ugresch Sproochen, just e bëssen um Niveau vun der Grammaire.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ungarn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]