Holland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Holland (dt.: Niederlande). Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Holland (Homonymie)


Nederland (Koninkrijk der Nederlanden)

Hollännesche Fändel

Hollännescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Je Maintiendrai
EU location NED.png
Offiziell Sprooch: Hollännesch, Friesesch an der Provënz Friesland, Englesch op Saba a Sint Eustatius, Papiamento op Bonaire.
Haaptstad: Amsterdam
(Regierungssëtz: Den Haag)
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Willem-Alexander
 • Premierminister: Mark Rutte
Fläch: 41 528 km²
 • Dovu Waasser: 18,41 %
Bevëlkerung: 16 357 992 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 394/km²
Onofhängegkeet: vu Spuenien
23. Mee 1568 (ausgeruff)
30. Januar 1648 (unerkannt)
Nationalfeierdag: 27. Abrëll
Nationalhymn: Het Wilhelmus
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .nl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+31

Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba an Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland awer dacks dat ganzt Kinnekräich gemengt.

Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier d'Hallschent vum Land läit op enger Héicht vu manner wéi engem Meter iwwer dem Mieresspigel a ronn ee Véirel drënner. Déi flaach Gebidder ginn an der Regel duerch Däicher virun de Stierm mat héije Wellen (Stuermfluten) geschützt. Zesummen hu si eng Längt vu ronn 3.000 km. Den héchste Punkt vum Festland, de Vaalserberg, ganz am Süden am Dräilännereck mat Däitschland an der Belsch, läit 322,50 m iwwer dem Amsterdamer Pegel.

Grouss Deeler vun Holland, wéi z. B. bal déi ganz Provënz Flevoland, goufen dem Mier ofgeknäppt an urbar gemaach. Dës nennt ee Polder oder Koog. Ongeféier ee Fënneftel vun der Landesfläch besteet aus Waasser, D'IJsselmeer mécht dovun de gréissten Deel aus; et ass eng fréier Bucht am Nordmier mam Numm Zuiderzee, déi 1932 duerch en 29 km laangen Däich agepoldert gouf.

Déi wichtegst Flëss an Holland sinn de Rhäin, de Waal an d'Meuse. Si fléissen an Ost-West-Richtung an d'Nordmier an deelen d'Land an zwéin Deeler, en nërdlechen an e südlechen Deel.

Holland ass an zwielef Provënzen agedeelt:

Kaart vun Holland

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Holland zielt mat ongeféier 484 Awunner pro Quadratkilometer zu den am dichtste besiidelte Staate vun der Welt (als Vergläich: Nordrhein-Westfalen 530, Däitschland 231, Monaco 16.923, Namibia 2,4) [2]. Am Juni 2006 hat Holland 16.336.000 Awunner, dovun huet ongeféier d'Hallschent an der Randstad, dem dicht bevëlkerte Weste vum Land, gewunnt.

Hollännesch ass déi offiziell Sprooch am ganze Staat, och wann et an dëser Bezéiung keng gesetzlech Bestëmmunge gëtt. An der Provënz Friesland ass zousätzlech dat staark ähnlecht Friesescht d'Verwaltungssprooch.

Donieft gëtt et Dialekter. An den Iwwerséigebidder vun Holland (an der Karibik) ass Hollännesch déi offiziell Sprooch, nieft Papiamento oder Englesch. Eng vum Hollänneschen ofgeleet Sprooch ass d'Afrikaans a Südafrika.

D'Hollänner si statistesch gesinn déi gréisst Leit vun der Welt, mat engem Duerchschnëtt vun 1.83 m (Männer)a 1.72 m (Fraen).

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Reliounsverhältnes an Holland, 1849

Déi wichtegst Relioune sinn, opgrond vu statistesche Fuerschunge vun der Zentral fir Statistik:

Der Zuel vu Memberen no (Stand: 31.12.2005) sinn déi zwou gréisste Kierchen déi Réimesch-katholesch Kierch an Holland (4,4 Millioune Memberen, 27 % vun der Bevëlkerung) an d'Protestantesch Kierch an Holland (Protestantse Kerk in Nederland, PKN) (1,9 Milliounen Memberen, 12 % vun der Bevëlkerung). Déi aner Kierche sinn däitlech méi kleng a stellen all manner wéi ee Prozent vun der ganzer Populatioun duer.

Bis an d'1960er Jore war d'Majoritéit vun der Bevëlkerung (55-60 %) protestantesch, wat hei virun allem calvinistesch bedeit. Eng grouss Minoritéit (bis 40 %) war kathoulesch. De Norden a Weste vum Land ass traditiounsgeméiss protestantesch, während am Süden an Osten d'Katholiken déi éischt Plaz anhuelen. An der Mëtt vum Land gëtt et de sougenannte Bijbelbelt (Bibelceinture) mat engem méi héijen Undeel vu strenggleewege Calvinisten.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Holland huet e liberale Wirtschaftssystem, dee gutt funktionéiert. Zanter den 1980er Joren, sou gëtt allgemeng behaapt, huet d'Regierung manner an d'Wirtschaft ageraff. Et stëmmt iewer datt d'Salariat sech op d'Awierkung vun der Regierung, a senge Lounfuerderungen zréckgehalen huet. D'Aarbechtslosequote ass relativ kleng, allerdéngs gëtt et wéinst hirem System vun Aarbechtsonfäegkeetsversécherung eng net onbedeitend verstoppt Aarbechtslosegkeet.

Bei der industrieller Produktioun dominéieren d'Liewensmëttel- an d'chemesch Industrie, d'Petrolslraffinerien an d'Produktioun vun elektreschen Apparaten. Laang viru sengen europäeschen Nopere war d'Land ëm en equilibréierte Budget beméit an huet mat Succès d'Stagnatioun um Aarbechtsmaart verhënnert.

Déi modern a staark technesch entwéckelt Landwirtschaft ass aussergewéinlech produktiv: nieft Weess-, Geméis-, Uebst- aSchnëttblummenubau - d'Tulpenziichterei huet souguer d'Geschicht vum Land beaflosst - gëtt d'Mëllech- an d'Véiwirtschaft staark bedriwwen. Si liwwert de Kéis, e wichtegt Exportprodukt vun Holland. Holland ass, no den USA a Frankräich, weltwäit den drëttgréissten Exportateur vu landwirtschaftleche Produkter.

Als Matgrënner vun der Euro-Zon huet Holland seng Währung, de Gulden, den 1. Januar 1999 an de Bankgeschäfter duerch den Euro ergänzt. Dräi Joer méi spéit, den 1. Januar 2002, koumen d'Euromënzen a -Schäiner an Ëmlaf.

Am Verglach mam Bruttoinlandsprodukt vun der Europäescher Unioun ass de Kafkraaftindex an Holland 26 % méi héich.

Staatsausgaben[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1992 an 2005 war den Undeel vun de Staatsausgabe fir

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Kinnigin Beatrix um Koninginnedag
Datum Numm Lëtzebuerger Numm Bemierkungen
1. Januar Nieuwjaar Neijor
Mäerz/ Abrëll Pasen Ouschteren Karfreideg ( Goede vrijdag  ; hei an do fräien Dag ), Ouschtersonndeg an Ouschterméindeg
27. Abrëll Koningsdag Kinneksdag Gebuertsdag vum Kinnek Willem-Alexander): Nationalfeierdag (zënter 2014)
4. Mee Dodenherdenking Dag vun den Doudegen Gedenkdag un déi déi am Krich gefall si (kee fräien Dag)
5. Mee Bevrijdingsdag Liberatiounsdag Erënnerung un d'Befreiung vun der däitscher Besatzung, dag van de vrijheid (fir munnech e fräien Dag)
40 Deeg no Ouschteren Hemelvaartsdag Christi Himmelfaart
7 Wochen no Ouschteren Pinksteren Päischten Päischtsonndeg a Päischtméindeg
5. Dezember Sinterklaasavond oder Pakjesavond Niklosowend (kee fräien Dag), den Dag, wou d'Kanner Geschenker kréien
25. und 26. Dezember Kerstmis Chrëschtdag 1. an 2. Chrëschtfeierdag
31. Dezember Oudejaar(sdag) Silvester (kee fräien Dag)

Molerei[änneren | Quelltext änneren]

Van Gogh „ Sonneblummen “

Vill weltberühmt Moler waren Hollänner. Ee vun de bekanntste Kënschtler war den Hieronymus Bosch. An der Glanzzäit vun der Republik am 17. Joerhonnert, am sougenannte Gëllenen Zäitalter hu grouss Kënschtler do gelieft an hir bedeitend Wierker geschaf, wéi de Rembrandt van Rijn, Jan Vermeer, Frans Hals, Carel Fabritius, Gerard Dou, Paulus Potter, Jacob Izaaksoon van Ruisdael oder Jan Steen. Berühmt Moler a spéideren Epoche waren ë. a. de Vincent van Gogh an de Piet Mondrian. Den M. C. Escher ass e bekannte Graphiker.

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Hollännesch Architekten hunn d'Architektur vum 20. Joerhonnert staark beaflosst. Et verdéngen an deem Zesummenhang ernimmt ze ginn: Hendrik Petrus Berlage d'Architekte vun dem De-Stijl-Grupp (Robert van't Hoff, Jacobus Johannes Pieter Oud, Gerrit Rietveld ). De Johannes Duiker war e Vertrieder vum Neie Bauen. Déi sougenannt Amsterdamer Schoul ëm de Michel de Klerk huet eng wichteg Kontributioun am Hibléck op eng expressionistesch Architektur geleescht.

Wëssenschaft an Technologie[änneren | Quelltext änneren]

Aus Holland stamen: Erasmus vu Rotterdam, Baruch Spinoza, Christiaan Huygens an Antoni van Leeuwenhoek. De René Descartes huet laang an Holland gelieft an do e groussen Deel vu senge Schrëfte geschaf. Eng ganz Rei vu verfollegte Wëssenschaftler hu rezent an Holland Asyl fonnt an och nei Wierkungsméiglechkeeten.

Zu Noordwijk huet d'European Space Agency hire Sëtz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Am „Gëllenen Zeitalter“ (Gouden Eeuw) ass, nieft der Molerei och d'Literatur opgeblitt: als bekannt Vertrieder sollten de Joost van den Vondel a Pieter Corneliszoon Hooft ernimmt ginn.

Während der däitscher Besatzung (1940–1945) huet d'Anne Frank zu Amsterdam hiert weltbekannt Tagebuch geschriwwen.

Als déi dräi wichtegst Auteuren aus der 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert ginn den Harry Mulisch ("Die Entdeckung des Himmels", och verfilmt), den W. F. Hermans an de Gerard Reve ugekuckt.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'hollännesch klassesch Musek laang net deselwechten Niveau wéi an anere westlechen europäesche Länner erreecht huet, dann huet sech dach géint d'Enn vum 19. Joerhonnert an Holland e méi staarke Professionalismus duerchgesat a vill Orchesteren a Museksensemble sinn entstanen.

Grouss hollännesch Komponisten aus der Zäit ëm 1800 ware beispillsweis deen an Däitschland gebuerene Johann Wilhelm Wilms an och de Carolus Antonius Fodor, déi sech allen zwéin no der Wiener klassescher Musek orientéiert hunn. Am 19. Joerhonnert hat déi däitsch Romantik e groussen Afloss op déi hollännesch Musek. De Bernard Zweers huet als éischte versicht, enger spezifesch hollännescher Musek zum Duerchbroch ze verhëllefen. Anerer si sengem Beispill gefollegt, wéi de Julius Röntgen an den Alphons Diepenbrock. Wichteg Komponisten am 20. Joerhonnert sinn: Willem Pijper, Mathijs Vermeulen, Louis Andriessen, Otto Ketting, Ton de Leeuw, Theo Loevendie, Misha Mengelberg, Tristan Keuris a Klaas de Vries.

Den all Joer organiséierten North Sea Jazz Festival zu Den Haag gehéiert weltwäit zu deene wichtegsten Jazz-Events.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No der Opdeelung vum Frankeräich hunn déi "nidderech Länner" (niederen Lande) zum ostfränkesche Kinnekräich (Regnum Teutonicae) an duerno zum Hellege Réimesche Räich gehéiert. Ënner dem Keeser Karl V., dee gläichzäiteg spuenesche Kinnek war, gouf d'Land a siwwenzéng Provënzen opgespléckt an huet och déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg, mat Ausnam vum Fürstenbistum Léck, an Deeler vun Nordfrankräich a Westdäitschland abegraff. De 15./16. Juli 1572 koumen d'Vertrieder vun de meeschte Stied vum haitegen Holland zu Dordrecht ( am Gebai „Het Hof“) zesummen an hunn hir Onofhängegkeet vu Spuenien decidéiert. Si hunn de Wëllem vun Oranien zu hirem Spriecher gemaach. No der definitiver Onofhängegkeetserkläerung vun de siwen nërdleche Provënzen (Allianz vun Utrecht) vum 23. Januar 1579 an dem Achtzegjärege Krich géint de spueneschen Habsburger, deen duerno koum, gouf déi formell Onofhängegkeet vu Spuenien am Fridde vu Münster de 15. Mee 1648 bekräftegt. Dësen Datum gëtt als als Gebuertsstonn vun Holland vun haut betruecht.

Duerno huet Holland oder („de nederen duitsche landen”) sech als Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen zu enger vun de gréisste Séi- a Wirtschaftsmuechte vum 17. Joerhonnert entwéckelt. An där Zäit goufe Kolonien an Handelspaarten op der ganzer Welt opgeriicht. Bekannt ass d'Grënnung vun Nei Amsterdam (Nieuw Amsterdam), dat spéider an "New York" ëmgedeeft ginn ass. An Asien hunn d'Hollänner hiert Kolonialräich Nidderlännesch-Indien (Nederlands-Indië) dat haitegt Indonesien, opgebaut, dat am Dezember 1949 onofhängeg ginn ass. Och am nordëstleche Südamerika (Surinam) an an der Karibik sinn Hollännesch Kolonien: Aruba, Bonaire, Curaçao, Saba, Sint Eustatius a Sint Maarten entstanen; déi Inselen, Aruba a d'Nidderlännesch Antillen (déi fënnef aner Inselen), bilden haut een autonomen Deel vun der hollännescher Monarchie. Dat ass de Grond, firwat dat hollännescht Kinnekräich („Koninkrijk der Nederlanden“) offiziell aus dräi Deeler besteet: Holland, Aruba an d'Hollännesch Antillen.

1796 gouf mat franséischer Hëllef déi Batavesch Republik gegrënnt (benannt nom germanesche Stamm vun de Bataver, deen dat Gebitt tëscht dem Rhäin an der Meuse fir d'éischt besidelt hat. 1806 huet den Napoleon I. doraus d'Kinnekräich Holland gemaach.

Nodeem Frankräich ënner dem Napoléon och Holland ënnerjacht hat, gouf aus him 1815 d'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat och déi haiteg Belsch abezunn huet. Éischte Kinnek gouf de Wëllem I. aus dem Haus Oranien-Nassau. D'Belsch gouf no der Belscher Revolutioun vun 1830 onofhängeg, eng Onofhängegkeet, déi allerdéngs eréischt 1839 vum Wëllem I. unerkannt gouf.

Den hollännesche Kinnek war gläichzäiteg Groussherzog vu Lëtzebuerg, wou d'Lex Salica (no där keng weiblech Persoun op den Troun duerft kommen) gegollt huet. Wéi de Wëllem III. bei sengem Doud 1890 nëmmen eng Duechter (d'Kinnigin Wilhelmina) hannerlooss huet, ass de Lëtzebuerger Troun un eng aner Linn am Haus Nassau, um Wëllem säi Cousin Adolf vun Nassau iwwergaangen.

Am Éischte Weltkrich war Holland offiziell neutral. Seng Truppe bloufen awer bis zum Enn vum Krich mobiliséiert. Wéi du den Däitsche Keeser Wilhelm II. huet missen ofdanken ass hien an Holland an den Exil gaangen.

Och am Zweete Weltkrich huet d'hollännesch Regierung am Ufank probéiert, sech neutral ze verhalen. Den Hitler ass iewer an Holland agefall, fir Frankräich vum Norden aus ze besetzen a sou d'Maginot-Linn z'ëmgoen. Nodeem datt d'hollännesch Arméi sech dräi Deeg laang gewiert hat, hunn déi däitsch Truppen de 14. Mee 1940 Holland gezwongen, opzeginn. Dat schrecklecht Bombardement vu Rotterdam an d'Drohung och grad sou mat dem zéi verdeedegten Utrecht ze verfueren, hat dofir den Ausschlag ginn. D'kinneklech Famill war an deem Moment schonn an England geflücht. Vun do u blouf Holland vun der Wehrmacht besat. D'Nationaal-Socialistische Beweging (NSB) ënner dem Anton Adriaan Mussert huet mat den däitschen Besatzungstruppe kollaboréiert, huet awer kee signifikanten Aflooss erreecht, net bei der Bevëlkerung an och net bei de Besatzungsautoritéiten. Allerdéngs hate sech 60.000 Hollänner fräiwëlleg bei d'Waffen-SS gemellt, de stäerksten auslännesche Kontigent vun der Waffen-SS. No der däitscher Invasioun ass et mat der Juddeverfolgung lassgaangen. De Februarstreik 1941 géint d'Deportationen gouf am Blutt erstéckt. Vun den 160.000 Judden an Holland hunn der nëmmen 30.000 d'Enn vum Krich iwwerlieft. Symbol fir d'Juddeverfolgung ass de Fall vun der Anne Frank.

Den 11. Januar 1942 huet Japan d'hollännescht Ostindien iwwerfall. D'Hollänner hunn den 1. Mäerz 1942 kapituléiert.

De südlechen Deel vun Holland gouf an der zweeter Hallschent vun 1944 vun den Alliéierten Truppen op hirem Virmarsch befreit; den Norde vum Land awer eréischt géint d'Krichsenn. Direkt no senger Befreiung vun der japanescher Besatzung (17. August 1945) huet dat hollännescht Ostindien sech onofhängeg erkläert a sech den Numm Indonesien ginn. D'hollännesch Truppen hunn zwar probéiert, dat ze verhënneren, hunn awer schliisslech de 27. Dezember 1949, no haarde Kämpf, Indonesien och formal an d'Onofhängegkeet entlooss.

1952 huet Holland zesumme mat Frankräich, Däitschland, Italien, der Belsch a Lëtzebuerg d'Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (an domat déi spéider Europäesch Unioun) gegrënnt. Et zielt och zu de Grënnungsmembere vun der NATO.

Am Februar 1953 huet eng Stuermflut de Südweste vun Holland iwwerschwemmt, 1800 Leit sinn dobäi em d'Liewe komm. Holland ass och e Grënnungsmember vun der Benelux-Wirtschaftsunioun (zanter 1944 geplangt, den 3. Februar 1958 festgeluecht an den 1. November 1960 a Kraaft getrueden). 1980 ass d'Beatrix Kinnigin ginn, nodeem hir Mamm Juliana mat 71 Joer ofgedankt huet.

D'Hollänner hu sech den 1. Juni 2005 mat enger grousser Majoritéit vun 61,6 % géint de Vertrag iwwer eng europäesch Verfassung fir Europa ausgesprach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren]

  1. Geschat fir 2007 vum Centraal Bureau voor de Statistiek (Juni 2007).
  2. Fischer Weltalmanach 2006. Zahlen, Daten, Fakten. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 2005, ISBN 3-596-72006-0; S. 334,117,126,321,325

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien


Flag of the Netherlands.svg Hollännesch Provënzen Flag of the Netherlands.svg

Flag Drenthe.svg Drenthe   Flevolandflag.svg Flevoland   Frisian flag.svg Friesland   Gelderland-Flag.svg Gelderland   Flag Groningen.png Groningen   NL-LimburgVlag.svg Limburg
North Brabant-Flag.svg Nordbrabant   Flag North-Holland, Netherlands.svg Nordholland    Flag of Overijssel.svg Overijssel   Flag Zuid-Holland.svg Südholland   Utrecht (province)-Flag.svg Utrecht   Flag of Zeeland.svg Zeeland