Schweden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Konungariket Sverige

Schwedesche Fändel

Schwedescht Wopen

Detailer

Detailer
EU location SWE.png
Offiziell Sprooch: Schwedesch
Haaptstad: Stockholm
 • Koordinaten: 59°21'N 18°4'O
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Carl XVI Gustaf
 • Premierminister: Stefan Löfven
Fläch: 449 964 km² (55.)
 • Dovu Waasser: 8,67 %
Bevëlkerung: 9 136 889[1] (84.)
 • Bevëlkerungsdicht: 20/km²
Onofhängegkeet: Austrëtt aus der Kalmarer Unioun, Kinnekräich Schweden 1515 deklaréiert a 1523 unerkannt
Nationalfeierdag: 6. Juni
Nationalhymn: Du gamla, du fria
Lauschteren
Währung: Schwedesch Kroun (SKR)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .se
Internationalen
Telefonsprefix
:
+46
Sweden from cia.png

D'Kinnekräich Schweden (schwed.: Konungariket Sverige) ass eng konstitutionell Monarchie an Nordeuropa. D'Land grenzt am Westen un Norwegen an am Nordosten u Finnland. Zu Schweden gehéieren och d'Insele Gotland an Öland.

Iwwer d'Öresund-Bréck, am Südweste vum Land, ass d'skandinavesch Hallefinsel mat Dänemark verbonnen. D'Haaptstad vu Schweden ass Stockholm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Klima a Süd- a Mëttelschweden ass op Grond vun der Erwäermung duerch de Golfstroum relativ temperéiert. D'Temperaturen an Nordschweden sinn dogéint subarktesch. Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn am Summer net ënner, dofir ass et an de Wanterméint dann och 24 Stonne laang däischter.

Ëstlech vu Schweden mécht d'Ostmier d'natierlech Grenz an do leien och déi meescht vun deene ongeféier 221.800 schwedeschen Inselen. Déi zwou gréisst si Gotland (zirka 3000 km²) an Öland (zirka 1300 km²). Am Weste gëtt d'Land duerch de Biergmassiv Skanden, vun Norwegen getrennt. Den héchste Bierg, de Kebnekaise, ass mat sengen 2.111 m gläichzäiteg och den héchsten am Land. Schweden huet 28 Nationalparken. Déi flächeméisseg gréissten dovu leien am Nordwesten.

Wéinst besserem Buedem a Klima konzentréiert sech den Akerbau éischter a Südschweden. Wat ee méi nërdlech kennt, wat d'Bëscher (virun allem Nolholzbëscher) méi dicht a wäitflächeg ginn.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Schweden, e grousst Land, huet eng verhältnesméisseg kleng Populatioun. Iwwer d'Hallschent vun de Schwede liewen op 3 % vum totale Staatsareal an déi méi urban an dicht bevëlkert Streech konzentréiere sech haaptsächlech am Süden.

Waren et an den 1950er a 60er Joren éischter Immigranten op Sich no enger Aarbecht, sou fannen haut och vill politesch Flüchtlingen eng nei Heemecht a Schweden. Eng 6,7 % vun der Bevëlkerung sinn Auslänner, déi meescht dovu Finnen (zirka 100 000). Aner gréisser Gruppen Auslänner kommen aus Jugoslawien, Polen, dem Irak an och aus Däitschland.

Sami, Roma, Sinti, Judden an déi finnesch Tornedale sinn offiziell unerkannte schwedesch Minoritéiten. D'Geschicht vun der finnescher Minoritéit vun den Tornedalen ass déi vun enger muttwëlleger Siidlungspolitik tëscht Russland a Schweden am 19. Joerhonnert. D'Tornedale liewen haaptsächlech an Nordschweden a schwätzen e ganz speziellen alfinneschen Dialekt dee sech staark vum moderne Finnesch ënnerscheet. Tornedale sinn net mat deene Finnen ze verwiesselen déi eréischt a leschter Zäit immigréiert sinn.

Ronn 17.000 Sami liewen a Schweden. Obwuel gréisstendeels assimiléiert, gi samesch Kultur an Traditiounen hautdesdaags nees erëm méi bewosst gefleegt a gelieft.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell hat Schweden bis 2009 keng offiziell Sprooch. Schwedesch war de facto déi Sprooch, déi historesch do entstanen a gewuess ass an am Alldag och als dominant Landessprooch fungéiert huet. Säit dem 1. Juli 2009 ass de jure festgeluecht ginn, datt Schwedesch déi offiziell Sprooch vu Schweden ass. Schwedesch gehéiert zu der nordgermanescher Sproochefamill a gläicht deenen anere skandinavesche Sproochen.

Finnesch, Meänkieli, Jiddesch, Romani a Samesch sinn offiziell unerkannte Minoritéitesproochen.

Reliounen[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 2000 huet Schweden déi offiziell lutheranesch-evangelesch Staatskierch ofgeschaf. All d'Konfessiounen a Relioune sinn zanterhier vu staatlecher Säit aus gläichgestallt.

Obschonn net méi Staatskierch, bleiwen d'Protestanten an der Majoritéit. Eng 82 % vun de Schwede sinn no lutheranesch-evangeleschem Glawe gedeeft (Stand 2003). Wéi a villen anere westeuropäesche Länner och ass awer d'Zuel vun deenen déi hire Glawe praktizéiere bedeitend méi kleng wéi dat wat um Pabeier steet.

Den zweetgréisste reliéise Grupp ass dee vun de Muslimen (250.000 - 300.000). Aner gréisser Communautéite sinn d'Kathoulesch Kierch (zirka 150.000) , d'Syresch Orthodox Kierch (zirka 29.000 ) an d'jiddesch Communautéit (zirka 10.000).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Relikter déi um Territoire vum haitege Schweden fonnt goufe, sinn aus der Steenzäit. Schrëftlech ernimmt ginn d'Schweden déi éischt Kéier am 1. Joerhonnert vum réimeschen Historiker Tacitus. D'Suionen, wéi hie se genannt huet, waren e Stamm am ëstleche Schweden deen haaptsächlech an der Géigend vum Séi Mälaren a vun de Stied Stockholm a Sigtuna doheem war (Svealand). Den Numm Schweden geet op dee Stamm zréck.

Am néngten an zéngte Joerhonnert, der Zäit vun de Wikinger, ënnerhuele schwedesch Wikinger Expeditiounen a Richtung Ost- a Südosteuropa. Et gëtt gehandelt a geraibert, deelweis sech awer och niddergelooss. Sou geet zum Beispill d'Grënnung vu Kiew op Schwedesch Wikinger zréck. D'Wikinger hannerloossen hir Spuren an de baltesche Länner, Russland an dem Schwaarze Mier. Iwwer déi russesch Flëss packe se et bis op Konstantinopel.

Parallel zur Christianiséierung am 12. Joerhonnert, wiisst och d'Muecht vum Kinnekshaus. D'Kinnekräich gëtt reorganiséiert an d'Land expandéiert no alle Säiten hin. Nei Territoirë wéi d' Österland (dat haitegt Finnland, tëscht 1362 an 1809 Deel vu Schweden), ginn entweder eruewert oder, wéi d'Gotaland am Westen, mat Kontrakter un d'Kroun gebonnen. 1389 ginn déi dräi Länner Norwegen, Dänemark a Schweden ënner dänescher Kroun am Kader vun der Kalmarer Unioun vereent. Am Laf vum 15. Joerhonnert gëtt d'Resistenz géint d'Unioun awer ëmmer méi staark a 1523 gëtt Schweden zu gudder Lescht nees en onofhängegt Kinnekräich. Kinnek gëtt de Gustav Eriksson Vasa, dee sech duerno Gustav I. vu Schweden genannt huet. An der Regierungsperiod vum Gustav I. gëtt Schweden protestantesch an duerch d'Grënnung vum Riksdag, dem schwedesche Parlament, gëtt d'Bourgeoisie méi staark an d'Decisioune vum Staat integréiert.

De Kinnek Gustav Vasa I. vu Schweden

Ënner der Vasa-Dynastie klëmmt Schweden am 17. Joerhonnert zu enger europäescher Groussmuecht op. De Kinnek Gustav II. Adolf gräift mat Succès tëscht 1612 an 1632 op Säit vun de Protestanten an den Drëssegjärege Krich an. Nom Westfälesche Fridden (1648) ass Schweden, zesumme mat Frankräich, eng vun den zwou Groussmuechten déi als Garant fir de Fridden an Europa antrieden. D'Kinnekräich Schweden beherrscht an dëser Period den Handel am ganzen Ostmiergebitt, Deeler vu Finnland, dem Baltikum an ass duerch de Besëtz vu Vorpommern Räichsstand vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. An den nächsten zwee Joerhonnerte sollt Schweden awer ëmmer méi an d'Defensiv geroden. De Schwedesch-russesche Krich (1808-1809), dee mat enger Nidderlag vu Schweden an dem Verloscht vu Finnland op en Enn geet, ass de Schlusspunkt vun de schwedeschen Ambitiounen als Groussmuecht.

Nodeem de Karl XIII. keng Kanner huet, gëtt de franséische Maréchal Jean Baptiste Bernadotte adoptéiert an 1810 als Trounierwen designéiert. Ënner dem Numm Karl XIV. Johann gëtt de Bernadotte 1818 Kinnek vu Schweden an Norwegen (Norwegen war 1814 no engem Krich géint Dänemark u Schweden ofgi ginn). 1866 gëtt d'Land e konstitutionelle Rechtsstat, mä d'Personalunioun tëscht Schweden an Norwegen huet nach bis 1905 bestanen.

Während dem Éischten an Zweete Weltkrich bleift Schweden neutral, spillt awer eng wichteg Roll als Asylland fir politesch Flüchtlingen.

1973 ginn d'Schwede sech eng nei Konstitutioun an 1995 triede se der Europäescher Unioun bäi. Eng Majoritéit vun 56 % stëmmt 2003 an engem Referendum géint d'Aféierung vum Euro.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'schwedescht Parlament, de Riksdag

Schweden ass eng konstitutionell Monarchie. De Karl XVI. Gustav, zanter 1973 Kinnek vu Schweden, huet haaptsächlech eng zeremoniell a representativ Funktioun an ass ouni wierklech politesch Muecht. D'schwedescht Parlament, de Riksdag, besteet aus enger Kummer, huet 349 Deputéierten a gëtt all véier Joer op e Neits gewielt. D'Parlament designéiert de Premierminister deen dann d'Ministere vu senger Regierung ernennt.

D'Parlamentswale vun 2006 goufe vun der moderat rietser Koalitioun Allianz fir Schweden (Allians för Sverige) gewonnen. D'Koalitioun aus véier Parteie konnt fir d'éischt Kéier zanter der Aféierung vum allgemenge Walrecht d'Dominanz vun de Sozialdemokrate briechen. D'Sveriges socialdemokratiska arbetareparti bleift awer mat 34,99 % déi gréisst Partei am Parlament. Neie Premier ass den Fredrik Reinfeldt vun der Moderata samlingspartiet.

Schweden ass neutral, Member vun der Europäescher Unioun , de Vereente Natiounen , der OECD an dem Nordesche Rot.

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell gëtt Schweden an dräi Groussregiounen (schwed.: landsdelar) agedeelt: Götaland, Svealand an Norrland. Dat haitegt Finnland war bis 1809 déi véiert Regioun, d'Österland. D'Regioune waren nach eng Kéier an 25 landskap ënnerdeelt.

1634 gouf d'Administratioun vum deemolege Kanzler Axel Oxenstierna reforméiert an zanter deem besteet Schweden aus 21 Verwaltungseenheeten, de Län, an 290 Gemengen.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Film[änneren | Quelltext änneren]

Schweden war eent vun de Pionéierlänner an den Ufankszäite vum Film. International bekannte Perséinlechkeete sinn de Mauritz Stiller, de Victor Sjöström, den Ingmar Bergman a Schauspillerinne wéi d'Greta Garbo, d'Ingrid Bergman an d'Anita Ekberg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

D'Land huet eng ganz Rëtsch international bekannte Schrëftsteller. Ënner hinne sinn Nimm wéi Emanuel Swedenborg, August Strindberg an Astrid Lindgreen.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Schweden ass international fir seng Popmusek bekannt an huet den Eurovision Song Contest véiermol gewonnen. ABBA ass dobäi scho bal zu sou eppes wéi engem Synonym fir schwedesche Pop avancéiert. Mä och méi rezent Gruppen wéi Soundtrack of our lives, Mando Diao an The Hives hunn internationale Succès. Och bekannt ass Schweden fir seng Metalgruppen, wei: Hammerfall, In Flames, Dark Tranquility, Hypocrisy, Deathstars, Sabaton, Amon Amarth an nach vill mei.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Schweden war 1958 op der Foussball-Weltmeeschterschaft am eegene Land an der Finall géint Brasilien.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Stockholm ginn all Joer véier vun de fënnef Nobelpräisser verdeelt.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

D'Industrialiséierung huet a Schweden laang op sech waarde gelooss a bis d'spéit 19. Joerhonnert war d'Land eng batteraarm Agrarnatioun. D'Industrie ass nom Zweete Weltkrich dunn awer schëtzeg gewuess a Schweden zu engem Land mat enger héich kompetitiver Economie a gudder Liewensqualitéit ginn.

Den Akerbau mécht haut nëmmen nach 2 % vum BIP aus a mëttlerweil ass och de sekundäre Secteur (28 %) réckleefeg. De Gros vum BIP (70 %) kennt iwwer den tertiäre Secteur, den Handel an d'Servicer, eran.

Schweden ass räich un natierleche Ressourcen. Déi wichtegst si Bëscher, Waasserkraaft an Eisenäerz.

Zu de weltwäit bekannte schwedesche Betriber gehéieren ënner anerem Electrolux, Ericsson, Hennes & Mauritz, IKEA, SAAB, Scania, Securitas, Tele2, Tetra Pak a Volvo.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]