Chile

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


República de Chile

Fändel vu Chile

Wope vu Chile

Detailer

Detailer
National Devise: Por la Razón o la Fuerza
(sp. fir: "Duerch Verstënnegsinn oder Kraaft")
LocationChile.png
Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Santiago de Chile
 • Awunner: 5 428 590 (2002)
 • Koordinaten: 33° 26′ 16′′ S 70° 39′ 01′′ W
Staatsform:
 • President: Michelle Bachelet
Fläch: 756 096 km² (37.)
 • Dovu Waasser: 1,07% %
Bevëlkerung: 16 134 219 (2006, geschat) (60.)
 • Bevëlkerungsdicht: 21,31/km²
Onofhängegkeet: vu Spuenien
12. Februar 1825 unerkannt
Nationalfeierdag: 18. September
Nationalhymn: Puro, Chile
Währung: Peso chileno
Zäitzon: UTC -4, -3
Internet TLD: .cl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+56

D'Republik Chile (República de Chile) ass en onofhängege Staat am Südweste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Santiago de Chile.

D'Land grenzt am Norden un de Peru, am Westen un de Pazifik, am Süden un de Paso Drake, am Nordosten u Bolivien an am Osten un Argentinien. Zum Chile gehéieren nach verschidden Inselen am Pazifik, wéi den Archipel Juan Fernández an d'Ouschterinsel (Isla de Pascua), déi geographesch a Polinesien läit.

De Chile huet eng Fläch vu 756.950 km². Dozou kënnt nach eng Zon an der Antarktis vun 1.250.000 km², den Antarktesche Chileneschen Territoire (Territorio Chileno Antártico).

Chile konsidéierert sech als en Dräikontinentalland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vum Chile

Scho virun 15.000 Joer hunn déi éischt Mënschen am haitege Chile gewunnt. Bis datt d'Spuenier d'Land eruerwert haten huet et zum Inkaräich gehéiert.

1520 huet de Portuguis Ferdinand Magellan d'Magallanstrooss, déi op der Südspëtz vu Chile läit, entdeckt.

1535 koumen déi éischt Europäer an de Chile fir no Gold ze sichen. Déi éischt gegrënnt Siidlung war Santiago am Joer 1541. Zanter 1542 huet de Chile dunn zum spuenesche Vizekinnekräich Peru gehéiert.

Südlich vum Río Bío Bío hunn allerdéngs d'Mapuchen, en indigene Vollekstamm, sech géint déi spuenesch Eruewerung gewiert. Am Ufank hate si Erfolleg an hunn nach nom Friddenskontrakt mat Spuenien vu 1647 vill Stied vun de Spuenier zerstéiert.

Am 16. Joerhonnert hunn och vill Äerdbiewen, Vulkanausbrëch an Tsunamien d'Entwécklung vum Land staark behënnert. Ausserdeem waren d'Küstestied och permanent dem Ugrëff vu Piraten ausgesat.

1609 gouf d'Generalkapitanat Chile gegrënnt, war awer ofhängeg vum Vizekinnekräich Peru. 1778 gouf de Chile dunn en eegestännegt Generalkapitanat mat Handelsfräiheet bannent dem spuenesche Kinnekräich.

Wéi dem Napoléon säi Brudder Joseph a Spuenien 1808 regéiert huet, gouf den Drang no Onofhännegkeet ëmmer méi grouss.

Den 18. September 1810 gouf eng Junta an d'Liewe geruff, duerch déi de Chile eng autonom Provënz am spuenesche Kinnekräich ginn ass. Dësen Datum gëtt am Chile als den Ufank vun der Onofhängegkeet gefeiert. E besse méi spéit erkläert de Chile seng total Eegestännegkeet.

1814, nom spueneschen Onofhängefkeetskrich, huet Spuenien erëm d'Muecht am Chile iwwerholl.

No sëlleche Schluechten, huet Chile de 17. September 1865 Spuenien de Krich erkläert. Dat war de Spuenesch-Südamerikanesche Krich.

De 5. Dezember 1865 huet Peru sech mat Chile géint déi gemeinsam Feinden zesummegedoen.

Déi spuenesch Herrschaft goung 1866 praktesch zu Enn. De Konflikt mat Spuenien konnt awer eréischt an de Kontrakter vun 1871 an 1883 definitiv geléist ginn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geographie vum Chile

Topographesch Kaart vum Chile

Physesch Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Chile läit um südamerikanesche Kontinent an erstreckt sech iwwer eng Längt vu 4.200 Kilometer vun Norden no Süde laanscht de Pazifik op der enger an den Anden op der anerer Säit. D'Breet vum Land huet nëmmen zirka 180 km. Déi schmuelst Plaz huet 90 km, an déi breetst 240 km.

Chile léisst sech an dräi Regiounen andeelen: am Osten d'Anden, den Iwwergangsberäich mat der Pampa del Tamarugal an der Valle Longitudinal an d'Küsteregioun Cordillera de la Costa.

Déi chilenesch Anden bilden eng vun den héchste Biergkette vun der Welt. Eng sëlleche Bierge sinn iwwer 6.000 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass den Ojos del Salado mat 6.880 m. Dëst ass gläichzäiteg den héchste Vulkan op der Welt. Duerch déi besonnesch Struktur vum Land gëtt et hei keng ganz laang Flëss. De längsten ass den mat 443 km. Déi grouss a landschaftlech schéinst Séier am Chile erstrecke sech südöstlech vun der Stadt Temuco bis op Puerto Montt. Bekanntste Salzséi ass de Salar de Atacama (3.000 km²).

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Chile huet eng grouss Villfalt u Klima- a Vegetatiounszonen. Dëst kënnt duerch déi 39 Breedegrade iwwer déi d'Land ausgedehnt ass. Et erstreckt sech tëscht de Breedegraden 17° 3' S an 56° 30' S. D'Land léisst sech klimatesch an dräi Zonen andeelen: Nord-, Mëttel- a Südchile. Dee gréissten Deel vum Norde läit an der Wüst. Am Mëttelchile herrscht e Klima wéi um Mëttelmier. Am Süden dogéint fält ganz vill Reen.

Insgesamt gëtt d'Klima staark duerch den Humboldt-Mieresstroum laanscht d'Küst beaflosst. Dëse fléisst vum Süden no Norden an transportéiert kaalt Mierwaasser aus der Antarktis.

Ongeféier all 7 Joer schléit hei och den El-Niño zu a bewierkt vill Nidderschléi.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Hallschent vun der Bevëlkerung lieft am Groussraum Santiago de Chile, dorënner een Drëttel, also ongeféier 5,5 Milliounen, an der Haaptstad selwer. 100 km westlech vu Santiago läit d'Stad Valparaíso mat zirka 1 Millioun Awunner.

A de Gebidder Richtung Norden a Richtung Süde wunnen ëmmer manner Léit. Dëst ass bedéngt duerch déi ongënschteg Klimabedéngungen.

90 % vun de Chilenen hunn europäesch Virfahren oder si Mestizen, woubäi bei de leschten 50 % vun de Mapuchen ofstamen.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1925 ass d'Kierch an de Staat getrennt.
Gréisste Relioun ass déi réimesch-kathoulesch Kierch mat 70 % vun de Leit. Déi 920 Pare ginn a 5 Kiercheprovënzen mat 26 Bistümer agedeelt. Ronn 10 % vun de Chilene si protestantesch. De Rescht verdeelt sech op indianesch Schamanismus, Mormonen an aner Minoritéiten.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

D'offiziell Sprooch ass Kastellanesch. Aner international Sprooche gi ganz wéineg geschwat. Déi bekanntst indigen Sprooch ass Mapudungun. Dës Sprooch gëtt haaptsächlech vun de Mapuchen am Süde geschwat. Donieft ass och nach Quechua an Aymara an Nordchile a Rapa Nui op der Ouschterinsel verbreet.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Mapa administrativo de Chile.png
Atacama

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Politik a Chile

D'Republik Chile ass eng Presidialrepublik mat verschiddenen autonomen Institutiounen.

D'Konstitutioun gouf 1980 vun der Militärregierung ënner dem Augusto Pinochet ausgeschafft an duerno mat engem Referendum, ënner groussem Drock an ouni demokratesch Kriterien, mat 67 % ugeholl.

De President, an zugläich och Regierungschef, gëtt fir eng Period vu 6 Joer gewielt. Dësen ernennt d'Ministeren, d'Subsekretären an Regionalintendanten.

Kuckt och d'Lëscht vun de Presidente vun Chile.

D'Legislative (Congreso Nacional) besteet aus zwou Chamberen: d'Chamber des Députés (Cámara de Diputados) an de Senat (Senado).

Déi héchst richterlech Kraaft am Chile ass den ieweschter Gerichtshaff (Corte Suprema de Justicia). Et ass e Kollegialgericht mit 21 Richteren.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Weltierfschafte vun der UNESCO am Chile[änneren | Quelltext änneren]

D'UNESCO huet bis elo 3 Plazen am Chile op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft gesat.

Zur Weltnaturierfschaft goufen erkläert:

Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Biosphärereservater am Chile[änneren | Quelltext änneren]

D'UNESCO erkläert am Ganzen 8 Gebidder am Chile zu Biosphärenreservater.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chile – Biller, Videoen oder Audiodateien