24. August
Vu Wikipedia
<< | August | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
31 | ||||||
2015 |
De 24. August ass den 236. Dag vum Joer (237. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 79: De Vulkan Vesuv an Italien brécht aus, Pompeji an Herculaneum ginn zerstéiert.
- 410: Roum gëtt duerch dem Alarich I. seng Goten ausgeraibert.
- 1572: Bartelméisnuecht: Dausende vun Hugenotte ginn a Frankräich ëmbruecht.
- 1989: A Polen gëtt den Tadeusz Mazowiecki éischten net-kommunistesche Premier nom Zweete Weltkrich.
- 1991: D'Ukrain gëtt onofhängeg.
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 1772: Wëllem I., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1851: Léon Frédéricq, belschen Naturwëssenschaftler a Moler.
- 1857: Guillaume Capus, lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesender.
- 1892: Joseph Faber, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1899: Jorge Luis Borges, argentinesche Schrëftsteller.
- 1901: Nicky Kirsch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1902: Fernand Braudel, franséischen Historiker.
- 1916: Léo Ferré, franséische Sänger.
- 1922: Howard Zinn, US-amerikaneschen Historiker a Politolog.
- 1925: Robert Thorn, lëtzebuergeschen Herpetolog.
- 1926: Florestano Vancini, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1929: Alix vu Lëtzebuerg, Duechter vun.
- 1929: Jassir Arafat, President vun den Autonomiegebidder vu Palestina.
- 1935: Ivan Govar, belsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1947: Paulo Coelho, brasilianesche Schrëftsteller.
- 1947: Roger de Vlaeminck, belsche Vëloscoureur.
- 1948: Jean Michel Jarre, franséische Komponist.
- 1948: Sauli Niinistö, finnesche Politiker.
- 1948: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.
- 1957: Roland Baumann, lëtzebuergesche Publizist, Journalist an Auteur.
- 1961: Jempy Drucker sen., lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1977: Robert Enke, däitsche Foussballspiller.
- 1980:João Carlos Ferreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1988: Rupert Grint, britesche Schauspiller.
- 1990: Naby Twimumu, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 79: Plinius den Eeleren, réimesche Geléierten.
- 1313: Heinrich VII. vu Lëtzebuerg, Grof vu Lëtzebuerg a Laroche, réimesch-däitsche Keeser.
- 1943: Simone Weil, franséisch Philosophin.
- 1945: François de Colnet d'Huart, lëtzebuergesche Physiker a Mathematiker.
- 1968: Heinrich Hamm, däitsche Sculpteur
- 1982: Giorgio Abetti, italieneschen Astronom.
- 1988: Joseph Roeder, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 1993: Paul Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriemanager.
- 2002: Cornelis Johannes van Houten, hollänneschen Astronom.
- 2002: Alain Schaack, lëtzebuergesche Politiker.
- 2007: Hansjörg Felmy, däitsche Schauspiller.
- 2009: Toni Sailer, éisträichesche Skifuerer a Schauspiller.
- 2014: Richard Attenborough, britesche Schauspiller a Regisseur.
Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]
- Nationalfeierdag an der Ukrain.
- Bartelméisdag
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 24. August – Biller, Videoen oder Audiodateien |