Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau du Kirchberg, kuerz Fonds du Kirchberg oder FUAK, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, deem seng Aufgab et ass, de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg urbanistesch ze erschléissen.

E gouf op onbestëmmt Zäit gegrënnt duerch e Gesetz vum 7. August 1961, e Gesetz, dat de 26. August 1965, den 28. August 1968 an den 8. Juni 2004 ëmgeânnert gouf.[1]

En ënnersteet haut dem Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, a gëtt vun engem Verwaltungsrot géréiert.

Déi éischt Aufgab vum Fong war et, d'Rout Bréck ze bauen. Nodeems de Staat d'Terrainen opkaf hat, fir Europäiesch Institutiounen ënnerzebréngen, huet de Fong deen nei Quartier developpéiert. Bis an d'1990er Jore war de eng Kierchbierg Usammlung vun eenzele Gebaier, déi méi schlecht wéi recht matenee verbonne waren, an dee vun enger Autobunn duerchgeschnidde war. Wéi bis ëmmer méi Banken sech um Kierchbierg néiergelooss hunn, gouf d'Autobunn zu engem Stadboulevard zréckgebaut (den haitege Boulevard Kennedy) an e méi dichte Bebauungsplang, mat gemëschte Fonctiounen, ausgeschafft.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marianne Brausch: Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau Kirchberg. Lëtzebuerg: Fonds Kirchberg, 2010.
  • Fernand Pesch: Le Fonds d’urbanisation et d'aménagement du plateau de KIRCHBERG: Histoire d'un mal-aimé.. Esch-Uelzecht: Editions Le Phare, 2014, ISBN 978-99959-37-99-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Mission du Fonds" op fondskirchberg.lu.
  2. "Hostoire" op fondskirchberg.lu.