Offiziell Sprooch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng offiziell Sprooch (op Däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Staat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Staat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren.

Et gëtt Länner mat just enger offizieller Sprooch, mä vill hunn där méi wéi eng, Südafrika z. B. huet der zwielef. Dacks hu Sproochen, déi vu Minoritéite geschwat ginn, net de Status vun enger offizieller Sprooch: A Frankräich z. B. heescht et am Artikel 2 vun der Konstitutioun: "La langue de la République est le français", och wann et eng sëlleche Regionalsproochen do gëtt. An anere Länner wéi z. B. a Spuenien gëtt et eng eenzeg offiziell Sprooch, wat d'Land betrëfft, mä verschidde Regiounen hu "kooffiziell Sproochen", déi dat nëmmen do sinn, wéi z. B. Katalanesch a Katalounien. Da gëtt et nach Fäll wéi d'Belsch, déi zwar (als Land) 3 offiziell Sproochen huet; a Flandern awer ass d'Hollännesch déi eenzeg offiziell Sprooch, a Wallounien d'Franséisch, mat Ausnam vun der Däitschsproocheger Communautéit, wou et dat Däitscht an dat Franséischt sinn. An der Haaptstadregioun Bréissel si Franséisch an Hollännesch offiziell Sproochen.

Eng an déiselwecht Sprooch kann offiziell Sprooch a méi wéi engem Land sinn, se kann et awer och an engem Land sinn, an engem aneren net (wéi z. B. d'Baskescht a Frankräich).

D'Europäesch Unioun huet 24 offiziell Sproochen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Legislateur gebraucht am Gesetz iwwer de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch.

"Sproochegesetz" zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Gesetz vun 1984