Marshallinselen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Aolepān Aorōkin M̧ajeļ (marshallesesch)

Republic of the Marshall Islands (englesch)
Republik vun de Marshallinselen

Fändel vun de Marshallinselen

Detailer

Offiziell Sprooch: Englesch a Marshallesesch
Haaptstad: Majuro
 • Awunner: 25.400
Staatsform: Republik
 • President: Jurelang Zedkaia
Fläch: 181,3 km²
Bevëlkerung: 63.174
 • Bevëlkerungsdicht: 348,5/km²
Onofhängegkeet: 21. Oktober 1986
Nationalhymn: Forever Marshall Islands
Zäitzon: UTC +12h
Internet TLD: .mh
Internationalen
Telefonsprefix
:
+ 692
Marshallinseln-Pos.png
Marshall-Inseln-Karte.png

D'Republik vun de Marshallinselen ass en Inselstaat am westleche Pazifeschen Ozean. De Staat begräift d'Inselgrupp mat demselwechten Numm, déi zu Mikronesien gehéiert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D' Marshallinsele bestinn aus zwou bal paralleel ausgeriichten Insel- beziehungsweis Atollketten: d'Ratak-Ketten am Osten wéi d'Ralik-Ketten am Westen, déi aus enger vill Atollen an e puer isoléierten Insele bestinn.

De Klima ass fiicht a waarm mat enger Reendauer vu Mee bis November. D'Insele si geleeëntlech engem Taifun ausgesat.

Zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung liewen op den Insele vum Majuro-Atoll an op Ebeye. Déi aner Insele si wéinst dem Mangel u Beschäftegungs- an Entwécklungsméiglechkeeten nëmmen dënn besidelt oder net bewunnt. Haaptstad ass d'Gemeng Majuro am Südosten um Atoll mat demselwechten Numm.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

90 Prozent vu der Bevëlkerung gehéieren zur Onofhängeger Protestantescher Kierch vun de Marshallinselen, 8,5 Prozent si réimesch-kathoulesch. Op den Insele liewen 221 neiapostolesch Chrëschten.[1] Offiziell Sprooche sinn Englesch a Marshallesesch.

Referenzen[änneren]

  1. Unsere Familie - Kalender 2005, Seite 83

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marshall Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien