UEFA

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun der UEFA
D'UEFA (blot) ass eng vun de sechs Konfederatioune vum Weltfoussballverband FIFA

D'Union des associations européennes de football, op Englesch Union of European Football Associations (UEFA), ass d'Konfederatioun vun de nationale Foussballfederatiounen an Europa. D'UEFA gruppéiert 53 national Federatiounen (Stand 2007) an huet, nieft administrativen a representativen Aufgaben, fir d'Entwécklung vum Foussball op europäeschem Plang ze suergen.

Si arrangéiert europawäit Kompetitioune fir Clibb an Nationalequippen an huet d'Kontroll iwwer d'Reglementer an d'Medierechter vun de jeeweilegen Evenementer.

D'UEFA ass eng vun de gréissten a stäerkste kontinentale Konfederatioune vun der FIFA. Bei der Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland ware 14 vun 32 Plaze fir europäesch Equippe reservéiert. Vun de Finanzen hir ass se déi déi bei wäitem am beschte gestallt ass a si huet an der Geschicht vum Weltfoussball zum dacksten och d'Richtung am Sport virginn.

D'UEFA gouf de 15. Juni 1954 zu Basel an der Schwäiz op Initiativ vun de Verbänn aus Frankräich, der Belsch an Italien gegrënnt. Bis 1959 hat se hire Sëtz zu Paräis, duerno dunn zu Bern. Zanter 1995 ass de Verwaltungssëtz zu Nyon an der Schwäiz.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'UEFA ass eng nom schwäizer Code Civil registréiert Associatioun. Si ass op politeschem a reliéise Plang neutral. Offiziell Sprooche sinn englesch, franséisch an däitsch.

Zanter dem 26. Januar 2007 ass de Michel Platini President vun der UEFA. Aktuelle Generaldirekter ass de Schwed Lars-Christer Olsson.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

De President vum europäesche Foussballverband ass automatesch och Vizepresident vum Weltfoussballverband FIFA.

UEFA Presidente bis haut:

  1. 1,0 1,1 Interimspresident

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Zu den an de Statuten definéierten Aufgaben an Ziler vun der UEFA gehéieren ë. a.:

  • Gutt Kompetitioune fir de Beruffs-, Junioren-, Fraen-, an Amateursfoussball z'organiséiren.
  • Dofir ze suergen, datt, ouni Diskriminéierung vu Geschlecht, Relioun oder Rass, nach méi Leit Zougang zum Foussball fannen.
  • Kommerzielle Succès a gesond Finanze sécherzestellen, ouni d'sportlech Qualitéit vun de Kompetitiounen aus den Aen ze verléieren.
  • De Revenue vun der UEFA an de Foussball ze reinvestéieren, respektiv ëmzeverdeelen.
  • De Federatiounen Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.
  • Sech fir positiv sportlech Wäerter wéi Fair-Play an Anti-Rassismus anzesetzen an d'Sécherheet am Stadionëmfeld ze garantéieren.
  • Als representativ Stëmm vun der europäescher Foussballfamill ze handlen.
  • Gutt Relatiounen zu deenen anere kontinentale Verbänn an der FIFA opzebauen a bäizehaalen.
  • Am Interesse vun de Foussballspiller an hire Fans ze handlen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

An der UEFA sinn 53 national Federatioune vertrueden. Allgemeng kann all Federatioun Member ginn déi an engem vun der UNO unerkannten europäesche Staat enregistréiert ass a Kompetitiounen organiséiert. Groussbritannien ass beispillsweis mat véier Federatioune vertrueden (England, Schottland, Nordirland a Wales).

Bei munneche Memberen, déi reng geographesch net zum Kontinent gehéieren, goufen dogéint, mam Accord vun der FIFA, Ausname gemaach. Et sinn dat: Israel, Zypern, Armenien, Georgien, d'Tierkei, Kasachstan, Russland an Aserbaidschan.

Israel a Kasachstan waren uganks Member an der Asiatescher Foussballkonfederatioun (AFC), Zypern hat de Choix tëscht de Konferderatioune vun Europa, Asien an Afrika.

An der Lescht dobäi komm ass Montenegro (2007, nodeem et de gemeinsame Staat mat Serbien net méi gëtt). D'Federatioun vu Gibraltar, eng vun den eelste Foussballfederatiounen iwwerhaapt, ass bis ewell nëmme provisoresche Member.

D'FLF ass vun Ufank un an der UEFA affiliéiert gewiescht (15. Juni 1954).

Lëscht vun de Federatiounen déi Member sinn:

Land Numm vun der nationaler Federatioun
Flag of Albania.svg Albanien Federata Shqiptare e Futbollit (FSHF)
Flag of Andorra.svg Andorra Federació Andorrana de Futbol (FAF)
Flag of Armenia.svg Armenien Football Federation of Armenia (FFA)
Flag of Azerbaijan.svg Aserbaidschan Azərbaycan Futbol Federasiyaları Assosiasiyası (AFFA)
Flag of Belgium (civil).svg Belsch Koninklijke Belgische Voetbalbond (KBVB) /
Union royale belge des sociétés de football association (URBSFA)
Flag of Bosnia and Herzegovina.svg Bosnien an Herzegowina Nogometni/Fudbalski Savez Bosne i Hercegovine (NFSBiH)
Flag of Bulgaria.svg Bulgarien Bulgarski Futbolen Sojus
Flag of Germany.svg Däitschland Deutscher Fußball-Bund (DFB)
Flag of Denmark.svg Dänemark Dansk Boldspil-Union (DBU)
Flag of Austria.svg Éisträich Österreichischer Fußballbund (ÖFB)
Flag of England.svg England The Football Association (FA)
Flag of Estonia.svg Estland Eesti Jalgpalli Liit (EJL)
Flag of the Faroe Islands.svg Färöer Fótbóltsamband Føroya (FSF)
Flag of Finland.svg Finnland Suomen Palloliitto (SPL)
Flag of France.svg Frankräich Fédération Française de Footbal (FFF)
Flag of Georgia.svg Georgien Georgian Football Association (GFF)
Flag of Greece.svg Griicheland Hellenic Football Federation (HFF)
Flag of Ireland.svg Irland Football Association of Ireland (FAI)
Flag of Iceland.svg Island Knattspyrnusamband Íslands (KSI)
Flag of Israel.svg Israel Israel Football Association (IFA)
Flag of Italy.svg Italien Federazione Italiana Giuoco Calcio (FIGC)
Flag of Kazakhstan.svg Kasachstan Football Union of Kazakhstan
Civil Ensign of Croatia.svg Kroatien Hrvatski nogometni savez (HNS)
Flag of Latvia.svg Lettland Latvijas Futbola Federācija (LFF)
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de football (FLF)
Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein Liechtensteiner Fußballverband (LFV)
Flag of Lithuania.svg Litauen Lietuvos Futbolo Federacija (LFF)
Flag of Malta.svg Malta Malta Football Association (MFA)
Flag of Macedonia.svg Mazedonien Fudbalska Federacija na Makedonija (FFM)
Flag of Moldova.svg Moldawien Federaţia Moldovenească de Fotbal (FMF)
Flag of Montenegro.svg Montenegro Fudbalski Savez Crne Gore (FSCG)
Flag of the Netherlands.svg Holland Koninklijke Nederlandse Voetbalbond (KNVB)
Flag of Northern Ireland.svg Nordirland Irish Football Association (IFA)
Flag of Norway.svg Norwegen Norges Fotballforbund (NFF)
Flag of Poland.svg Polen Polski Związek Piłki Nożnej (PZPN)
Flag of Portugal.svg Portugal Federação Portuguesa de Futebol (FPF)
Flag of Romania.svg Rumänien Federaţia Română de Fotbal (FRF)
Flag of Russia.svg Russland Rossijski Futbolni Sojus (RFS)
Flag of San Marino.svg San Marino Federazione Sammarinese Giuoco Calcio (FSGC)
Flag of Scotland.svg Schottland The Scottish Football Association (SFA)
Flag of Sweden.svg Schweden Svenska Fotbollförbundet (SFF)
Flag of Switzerland.svgEidelt Bild.jpg Schwäiz Schweizerischer Fussballverband (SFV)
Flag of Serbia.svg Serbien Fudbalski Savez Srbije (FSS)
Flag of Slovakia.svg Slowakei Slovenský futbalový zväz (SFZ)
Flag of Slovenia.svg Slowenien Nogometna zveza Slovenije (NZS)
Flag of Spain.svg Spuenien Real Federación Española de Fútbol (RFEF)
Flag of Turkey.svg Tierkei Türkiye Futbol Federasyonu (TFF)
Flag of the Czech Republic.svg Tschechesch Republik Českomoravský Fotbalový Svaz (ČMFS)
Flag of Ukraine.svg Ukrain Federazija Futbolu Ukrajiny (FFU)
Flag of Hungary.svg Ungarn Magyar Labdarúgó Szövetség (MLS)
Flag of Belarus.svg Wäissrussland Belarus Football Federation (BFF)
Flag of Wales.svg Wales Football Association of Wales (FAW)
Flag of Cyprus.svg Zypern Cyprus Football Association (CFA)

Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'UEFA organiséiert eng sëlleche Kompetitioune fir d'Veräins- an Nationalequippen:

Fir Nationalequippen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de Qualifikatioune fir d'Foussballweltmeeschterschaft vun de Fraen a Männer sinn dat:

Zeen aus der UEFA-Coupefinale vun de Fraen (2005)

Fir Veräinsequippen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: UEFA – Biller, Videoen oder Audiodateien