François Faber
De François Faber gebuer de 26. Januar 1887 zu Aulnay-sur-Iton, an op der franséischer Front gefall den 9. Mee 1915 zu Carency[1], war e lëtzebuergesche Vëlosportler.
Dem François Faber säi Papp, de Jean-Pierre Faber, war e gebiertege Wëlzer, seng Mamm Marie Paul koum aus Loutrengen. D'Famill huet nach e puer Joer zu Wolz gewunnt an ass duerno op Colombes, e Viruert vu Paräis, geplënnert, wou säi Papp als Terrassier geschafft huet. Duerch e fréiert Bestietnes vu senger Mamm hat en nach zwéin Hallefbridder, de Jules Schlepp an den Ernest Paul, deen zesumme mat him a sengen Elteren mat zu Colombes gewunnt huet an och Veloscoureur war.
1909 huet de François Faber déi franséisch Nationalitéit opginn. Hien hat eenzeg an eleng fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit optéiert fir net an d'franséisch Arméi brauchen ze goen.
Zu Courbevoie, op der Seine, war hien Docker an huet d'Schëffer ofgelueden. Den 1. August 1909 huet hien als éischten Net-Fransous den Tour de France gewonnen, wat him an der franséischer Press den Titel Le géant de Colombes abruecht huet. Wéi hie seng éischt Course gewonnen hat, gouf hien an der franséischer Press als Fransous opgelëscht. Hie war tatsächlech seelen zu Lëtzebuerg, an dann ëmmer nëmme fir eng ganz kuerz Zäit, fir seng Pabeieren an d'Rei ze maachen.
Am Ganzen huet de François Faber 19-mol eng Etappe vum Tour de France gewonnen. 1908 an 1910 gouf en Zweete beim Tour. Aner Courssen, déi e gewonnen huet, waren den Tour vun der Lombardei (1908), d'Course Paräis - Roubaix, (1913), Paräis - Tours (1909, 1910), Paräis - Bréissel (1909) a Bordeaux - Paräis (1911).
20 Deeg nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, den 22. August 1914, huet hie sech, grad wéi 3000 aner Lëtzebuerger, an d'Friemelegioun gemellt. Am Oktober ass e mat sengem Regiment un d'Front komm. E war e puer Méint zu Soissons stationnéiert, duerno zu Acq an zu Mont-Saint-Éloi. De 5. Mee 1915 krut en d'Noriicht, datt seng Fra Eugénie säin eenzegt Kand, e Meedchen (Raymonde), op d'Welt bruecht hat. Den 9. Mee ass en zu Carency bei der Bataille de l'Artois déidlech blesséiert ginn. Säi Kierper ass dobäi verschwonnen an ni erëmfonnt ginn. Den 10. Mee 1918 gouf e vum Tribunal de la Seine offiziell fir dout erkläert..
An der Nekropol Notre-Dame-de-Lorette, dem gréisste franséische Militärkierfecht zu Ablain-Saint-Nazaire am Departement Pas-de-Calais, gouf eng Plack mat sengem Numm als Erënnerung un hien ubruecht.[2].
Inhaltsverzeechnes
Gielercher
- Cité à l'ordre de la division avec croix de guerre 1914 – 1918.
- Médaille militaire à titre posthume am Journal officiel vum 24. Mee 1922.
Palmarès
1906 (Labor)
- 13. a Paris - Tours
1907 (Labor)
1908 (Peugeot)
- 2. am Tour de France 1908 an huet folgend Etappe gewonnen:
- Etapp 3: Metz - Belfort
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 8: Nîmes - Toulouse
- Etapp 12: Nantes - Brest
- 1. Giro di Lombardia
- 3. Paris - Roubaix
- 3. Paris - Tours
1909 (Alcyon)
- 1. am Tour de France 1909 an huet folgend Etappen gewonnen:
- Etapp 2: Roubaix - Metz
- Etapp 3: Metz - Belfort
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 5: Lyon - Grenoble
- Etapp 6: Grenoble - Nice
- Etapp 10: Bayonne - Bordeaux
- 1. Paris-Bruxelles
- 1. Paris - Tours
- 4. Bordeaux - Paris
- 5. Paris - Roubaix
- 6. Milano - Sanremo
1910 (Alcyon)
- 2. am Tour de France 1910 an huet folgend Etappen gewonnen:
- Etapp 2: Roubaix - Metz
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 7: Nice - Nîmes
- 1. Paris - Tours
1911 (Alcyon)
- 1. Bordeaux - Paris
- 2 Etappen am Tour de France 1911
- 2. Paris - Bruxelles
- 12. a Milano - Sanremo
1912 (Automoto)
- 6. a Paris - Tours
- 13. a Milano - Sanremo
- 14. am Tour de France
- 17. a Paris - Roubaix
1913 (Peugeot (F)& Safir (B)
- 1. a Paris - Roubaix
- 5. am Tour de France 1913 an huet folgend Etappen gewonnen:
- Etapp 10: Nice - Grenoble
- Etapp 13: Belfort - Longwy
- 5. am Tour de Belgique
- 5. a Bordeaux - Paris
- 33. a Paris - Tours
1914 (Peugeot-Wolber)
- 6. a Bordeaux - Paris
- 9. am Tour de France 1914 an huet folgend Etappen gewonnen:
- Étapp 13: Belfort > Longwy
- Étapp 14: Longwy > Dunkerque
- 27. a Paris - Roubaix
Literatur zum Thema
- François Guillaume, (= Frank Wilhelm), Du Tour de Frantz au Tour de Gaul, Luxembourg, éd. APESS, ISBN 2-87979-213-4.
- Pascal Leroy, François Faber - Du Tour de France au champ d'honneur, L'Harmattan, Espaces et Temps du Sport, Sport, Juni 2006, ISBN 2-296-00847-X
- Pierre Gricius: Luxemburger Sport-Ikone, französischer Patriot, Luxemburger Wort vum 8. Mee 2015, S. 12-13
No him benannt
Fir un de François Faber z'erënnere sinn no him benannt:
- eng Strooss um Lampertsbierg,
- e Vëloswee, d'piste cyclable François Faber[3] vu Leideleng op Hënchereng,
- eng Vëloscourse, de Grand Prix François Faber.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Deeselwechten Dag ass och op der Front zu Saint-Éloi nach e Lëtzebuerger mat demselwechten Numm gefall, an zwar de François Faber gebuer zu Beggen de 17. Februar 1892, am Rang vun engem Kaperol.
- ↑ Luxemburger Wort vum 11. Juli 2014, S. 36-37: 100 Jahre nach Ausbruch des Ersten Weltkriegs: Tour gedenkt gefallenen Helden
- ↑ „Piste cyclable François Faber“ op www.pistescyclables.lu - dem Site vu Ponts & Chaussées, fir d'lescht gekuckt den 30. August 2014
Quellen
- Luxemburger Wort 31.05.2006 Bäilag zum Tour de Luxembourg
1903 Maurice Garin | 1904 Henri Cornet | 1905 Louis Trousselier | 1906 René Pottier | 1907, 1908 Lucien Petit-Breton | 1909 François Faber | 1910 Octave Lapize | 1911 Gustave Garrigou | 1912 Odile Defraye | 1913, 1914, 1920 Philippe Thys | 1919, 1922 Firmin Lambot | 1921 Léon Scieur | 1923 Henri Pélissier | 1924, 1925 Ottavio Bottecchia | 1926 Lucien Buysse | 1927, 1928 Nicolas Frantz | 1929 Maurice Dewaele | 1930, 1932 André Leducq | 1931, 1934 Antonin Magne | 1933 Georges Speicher | 1935 Romain Maes | 1936, 1939 Sylvère Maes | 1937 Roger Lapébie | 1938, 1948 Gino Bartali | 1947 Jean Robic | 1949, 1952 Fausto Coppi | 1950 Ferdi Kübler | 1951 Hugo Koblet | 1953–1955 Louison Bobet | 1956 Roger Walkowiak | 1957, 1961–1964 Jacques Anquetil | 1958 Charly Gaul | 1959 Federico Bahamontes | 1960 Gastone Nencini | 1965 Felice Gimondi | 1966 Lucien Aimar | 1967 Roger Pingeon | 1968 Jan Janssen | 1969–1972, 1974 Eddy Merckx | 1973 Luis Ocaña | 1975, 1977 Bernard Thévenet | 1976 Lucien Van Impe | 1978, 1979, 1981, 1982, 1985 Bernard Hinault | 1980 Joop Zoetemelk | 1983, 1984 Laurent Fignon | 1986, 1989, 1990 Greg LeMond | 1987 Stephen Roche | 1988 Pedro Delgado | 1991–1995 Miguel Indurain | 1996 Bjarne Riis | 1997 Jan Ullrich | 1998 Marco Pantani | 1999–2005 Lance Armstrong - oferkannt | 2006 Óscar Pereiro | 2007 Alberto Contador | 2008 Carlos Sastre | 2009 Alberto Contador | 2010 Andy Schleck | 2011 Cadel Evans | 2012 Bradley Wiggins | 2013, 2015 Christopher Froome | 2014 Vincenzo Nibali
1896: Josef Fischer | 1897: Maurice Garin | 1898: Maurice Garin | 1899: Albert Champion | 1900: Emile Bouhours | 1901: Lucien Lesna | 1902: Lucien Lesna | 1903: Hippolyte Aucouturier | 1904: Hippolyte Aucouturier | 1905: Louis Trousselier | 1906: Henri Cornet | 1907: Georges Passerieu | 1908: Cyrille Van Hauwaert | 1909: Octave Lapize | 1910: Octave Lapize | 1911: Octave Lapize | 1912: Charles Crupelandt | 1913: François Faber | 1914: Charles Crupelandt | 1919: Henri Pélissier | 1920: Paul Deman | 1921: Henri Pélissier | 1922: Berten Dejonghe | 1923: Heiri Suter | 1924: Jules Van Hevel | 1925: Félix Sellier | 1926: Julien Delbecque | 1927: Georges Ronsse | 1928: André Leducq | 1929: Charles Meunier | 1930: Julien Vervaecke | 1931: Gaston Rebry | 1932: Romain Gijssels | 1933: Sylveer Maes | 1934: Gaston Rebry | 1935: Gaston Rebry | 1936: Georges Speicher | 1937: Jules Rossi | 1938: Lucien Storme | 1939: Emile Masson jun. | 1943: Marcel Kint | 1944: Maurice Desimpelaere | 1945: Paul Maye | 1946: Georges Claes | 1947: Georges Claes | 1948: Rik Van Steenbergen | 1949: André Mahé | Serse Coppi e.a. | 1950: Fausto Coppi | 1951: Antonio Bevilacqua | 1952: Rik Van Steenbergen | 1953: Germain Derijcke | 1954: Raymond Impanis | 1955: Jean Forestier | 1956: Louison Bobet | 1957: Fred De Bruyne | 1958: Leon Van Daele | 1959: Noel Fore | 1960: Pino Cerami | 1961: Rik Van Looy | 1962: Rik Van Looy | 1963: Emiel Daems | 1964: Peter Post | 1965: Rik Van Looy | 1966: Felice Gimondi | 1967: Jan Janssen | 1968: Eddy Merckx | 1969: Walter Godefroot | 1970: Eddy Merckx | 1971: Roger Rosiers | 1972: Roger De Vlaeminck | 1973: Eddy Merckx | 1974: Roger De Vlaeminck | 1975: Roger De Vlaeminck | 1976: Marc Demeyer | 1977: Roger De Vlaeminck | 1978: Francesco Moser | 1979: Francesco Moser | 1980: Francesco Moser | 1981: Bernard Hinault | 1982: Jan Raas | 1983: Hennie Kuiper | 1984: Sean Kelly | 1985: Marc Madiot | 1986: Sean Kelly | 1987: Eric Vanderaerden | 1988: Dirk Demol | 1989: Jean-Marie Wampers | 1990: Eddy Planckaert | 1991: Marc Madiot | 1992: Gilbert Duclos-Lassalle | 1993: Gilbert Duclos-Lassalle | 1994: Andrei Tchmil | 1995: Franco Ballerini | 1996: Johan Museeuw | 1997: Frédéric Guesdon | 1998: Franco Ballerini | 1999: Andrea Tafi | 2000: Johan Museeuw | 2001: Servais Knaven | 2002: Johan Museeuw | 2003: Peter Van Petegem | 2004: Magnus Backstedt | 2005: Tom Boonen | 2006: Fabian Cancellara | 2007: Stuart O'Grady | 2008: Tom Boonen | 2009: Tom Boonen | 2010: Fabian Cancellara | 2011: Johan Vansummeren | 2012: Tom Boonen | 2013: Fabian Cancellara
Commons: François Faber – Biller, Videoen oder Audiodateien |