10. Dezember
Vu Wikipedia
<< | Dezember | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2015 |
Den 10. Dezember ass den 344. Dag (345. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 1520: Däitschland: De Martin Luther verbrennt zu Wittenberg d'peepstlech Bulle „Exsurge Domine“.
- 1793: Frankräich: Schluecht vu Le Mans.
- 1799: Frankräich féiert de Meter-System an.
- 1901: Den Nobelpräis gëtt fir d'éischt Kéier verginn an den Beräicher:
- Physik: Conrad Röntgen
- Chimie: Jacobus Henricus van't Hoff
- Medezin: Emil Adolf von Behring
- Fridden: Henri Dunant (Grënner vum Roude Kräiz)
- Literatur: Sully Prudhomme
- 1903: Den Nobelpräis gëtt verginn an den Beräicher:
- Physik: Henri Becquerel a Pierre a Marie Curie.
- 1936: Groussbritannien: Den Edward VIII. verzicht op d'britesch Kroun, fir kënne mat der (net-adleger) Wallis Simpson zesummen ze bleiwen.
- 1948: D'UNO hëlt d'Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter un.
- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 2:2 géint Dänemark. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard an Ady Schmit geschoss.[2]
- 1964: Den Dr. Martin Luther King kritt de Friddensnobelpräis.
- 1969: Den Nobelpräis gëtt fir d'éischt Kéier verginn am Beräich:
- Economie: Ragnar Frisch, Jan Tintbergen
- 1972: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Istanbul, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:3 géint Tierkei.[3]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 1289: Louis X., Kinnek vu Frankräich.
- 1588: Jean Grof vun Aldringen, Feldhär vun der kathoulescher Ligue.
- 1815: Ada Lovelace, britesch Mathematikerin.
- 1809: Jacques Diedenhoven, lëtzebuergeschen Dichter.
- 1819: Edward Alfred Cowper, briteschen Erfinder.
- 1822: César Franck, belsche Komponist.
- 1830: Emily Dickinson, US-amerikanesch Dichterin.
- 1849: Prosper-Mathieu Henry, franséischen Astronom.
- 1872: Léon Moutrier, lëtzebuergesche Politiker.
- 1891: Nelly Sachs, däitsch-jiddesch Schrëftstellerin a Lyrikerin.
- 1903: Luis Humberto Salgado, ecuadorianesche Komponist a Pianist.
- 1904: Henri Scharry, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1907: Amedeo Nazzari, italienesche Schauspiller.
- 1908: Olivier Messiaen, franséische Komponist an Organist.
- 1912: Henri Muller, lëtzebuergeschen Enseignant an Hellenophilen.
- 1917: Emile-Jean Nickels, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1923: Jorge Semprún, spueneschen Auteur, Politiker a Resistenzler.
- 1931: Luciano Tesi, italieneschen Astronom.
- 1933: Mino Loy, italienesche Filmregisseur a -produzent.
- 1942: Norbert Stull, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 1943: James Richard Fisher, US-amerikaneschen Astronom.
- 1953: Nicolas Schmit, lëtzebuergesche Politiker.
- 1965: Alain Hamer, lëtzebuergesche Foussballsarbitter.
- 1965: Martine Hansen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1965: Hippolyt Kempf, Schwäizer Schileefer.
- 1985: Bu Xiangzhi, chinesesche Schachgroussmeeschter.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1475: Paolo Uccello, italienesche Moler.
- 1747: André Chevalier, franséische Buchdrécker, Editeur a Libraire.
- 1837: Charles Auguste de Tornaco, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1865: Leopold I., éischte Kinnek vun de Belsch.
- 1896: Alfred Nobel, schwedeschen Erfinder an Industriellen, Stëfter vum Nobelpräis.
- 1932: Eugen Bamberger, däitsche Chemiker.
- 1936: Luigi Pirandello, italieneschen Auteur.
- 1938: Paul Morgan, éisträichesche Schauspiller.
- 1944: Paul Otlet, belschen Informatiounsmanager, Grënner vun der moderner Dokumentatiounswëssenschaft.
- 1959: Henri Vidal, franséische Schauspiller.
- 1962: Joseph Zuang, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1967: Otis Redding, US-amerikanesche Museker.
- 1978: Fausto Tozzi, italienesche Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 1985: Josy Goerres, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 2006: Augusto Pinochet, chilenesche Generol an Diktator.
- 2010: John B. Fenn, US-amerikanesche Chemiker.
Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]
- Mënscherechtsdag, Internationalen Dag vun de Mënscherechter
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 10. Dezember – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich vum 10. Dezember 1961 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg vum 10. Dezember 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tierkei-Lëtzebuerg den 10. Dezember 1972 um Site European Football