Fredrik Reinfeldt
Den John Fredrik Reinfeldt, gebuer de 4. August 1965 zu Haninge, ass e schwedesche Politiker. Hie war vun 2006 bis 2014 Premierminister a Schweden.
Hien huet Economie studéiert. Zanter 1991 ass hien Deputéierte fir déi liberal-konservativ Moderata samlingspartiet ("Moderat Sammlungspartei") am schwedesche Parlament. Wéi d'Mëtt-Riets-Regierung 1994 bei de Wale staark Stëmme verluer huet, huet de Reinfeldt de Parteichef Carl Bildt kritiséiert, wat dozou gefouert huet, datt en an der Partei isoléiert gouf. No engem neie Parteipresident 1999 (dem Bo Lundgren) an enger dramatescher Walnéierlag 2002 huet de Reinfeldt nees un Afloss a senger Partei gewonnen.
De 25. Oktober 2003 gouf hien als Nofolger vum Lundgren neie Parteipresident. Hien huet an de Joren duerno d'Partei méi am Zentrum vum politesche Spektrum positionéiert.
2006 huet de Reinfeldt bei de Parlamentswalen d'Allianz fir Schweden ugefouert, déi aus véier mëtt-rietse Parteie bestoung: der Moderater Sammelpartei, der Zentrumspartei, der Liberaler Vollekspartei an de Chrëschtdemokraten. De 17. September 2006 huet d'Allianz gewonnen, a Schweden hat, fir d'éischt zanter 1932 (mat zwou Ausnamen), keng sozialistesch Regierung.
De 6. Oktober huet de Reinfeldt seng Regierung presentéiert.
Bei de Parlamentswalen vum 2010 krut seng Allianz zwar déi meescht Stëmmen, awer net méi d'Majoritéit. Déi nei Regierung, an där de Reinfeldt Premierminister blouf, ass op den nationalistesche Schwedendemokraten hir Stëmme mat ugewisen.
Bei de Parlamentswale vum September 2014 kruten déi oppositionell Sozialdemokraten déi meescht Stëmmen; Premierminister gouf an der Suite de Stefan Löfven.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Fredrik Reinfeldt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Louis De Geer sen. | Arvid Posse | Carl Johan Thyselius | Robert Themptander | Gillis Bildt | Gustaf Åkerhielm | Erik Gustaf Boström | Fredrik von Otter | Erik Gustaf Boström | Johan Ramstedt | Christian Lundeberg | Karl Staaff | Arvid Lindman | Karl Staaff | Hjalmar Hammarskjöld | Carl Swartz | Nils Edén | Hjalmar Branting | Louis De Geer jun. | Oscar von Sydow | Hjalmar Branting | Ernst Trygger | Hjalmar Branting | Rickard Sandler | Carl Gustaf Ekman | Arvid Lindman | Carl Gustaf Ekman | Felix Hamrin | Per Albin Hansson | Axel Pehrsson-Bramstorp | Per Albin Hansson | Tage Erlander | Olof Palme | Thorbjörn Fälldin | Ola Ullsten | Thorbjörn Fälldin | Olof Palme | Ingvar Carlsson | Carl Bildt | Ingvar Carlsson | Göran Persson | Fredrik Reinfeldt | Stefan Löfven