Katar
Daulat Qatar (arab.) Katar |
|||||
|
|||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
Haaptstad: | Doha | ||||
Staatsform: | Absolut Monarchie | ||||
• Landeschef: | Tamim bin Hamad Al Thani | ||||
Fläch: | 11.437 km² | ||||
Bevëlkerung: | 839.213 (2005) | ||||
Katar (arabesch: قطر Qatar) ass e Staat am Persesche Golf. Et ass eng Hallefinsel a grenzt u Saudi-Arabien.
Inhaltsverzeechnes
Lag a Gréisst[änneren | Quelltext änneren]
Katar läit am Nordoste vun der Arabescher Hallefinsel a seng Nopeschlänner si Bahrain, Saudi-Arabien an d'Vereenegt Arabesch Emiraten.
D'Land huet eng Fläch vun 11.437 km². Vu Süden no Norde sinn et 180 km, a vu Westen no Osten 80 km.
Landschaft[änneren | Quelltext änneren]
Dat ganzt Land ass relativ flaach an eng grouss Parti ass Steewüst bal mat décke Waken, a bal mat Kisel.
Am Südosten um Mier läit d'Lagun Khor Udaid, an am Süde gëtt et bis zu 40 m héich Sanddünen.
Am Westen ass d'Hiwelkette vum Jebel Dukhan, där hiren héchste Punkt op ongeféier 110 Meter iwwer dem Mier läit. Ëm dat ganzt Land leie Koralleriffer.
Klima[änneren | Quelltext änneren]
De Klima ass subtropesch a ganz waarm. Well de Katar zimlech no um Persesche Golf läit ass et dat ganz Joer iwwer zimlech schmeier.
Am Summer (Mee-September) leien d'Temperaturen tëscht 35 °C a 45 °C, an am Wanter tëscht 25 °C a 35 °C. D'Loftfiichtegkeet ass an der Moyenne 8 %. Katar ass eent vun de Länner op der Welt mat de mannste Nidderschléi, an ass och soss ganz waasseraarm.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Katar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Maldiven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palestina - Philippinnen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadjikistan - Taiwan - Thailand - Tierkei - Timor-Leste - Turkmenistan - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emiraten - Vietnam - Zypern