L´Histoire de la Fondation Kannerschlass

D'Suessemer Schlass

Extrait d'une brochure parue il y a une vingtaine d'années

 

Wann vum Kannerschlass Rieds geet, gët oft gefroot: "As daat e richtegt Schlass, an deem d'Kanner wunnen?"Jo, si wunnen tatsächlech an engem richtegen, aale Schlass mat enger geschichtlecher Vergaangenheet, déi bis an d'Joër 1306 zeréckgeet, wou d'Suessemer Buurg déi éischte Kéier urkundlech ernimmt gët.Et gët awer ugeholl, dass d'Buurg schons virun 1274 gebaut gin as, well de Wëllem an de Jhang aus der Aanseburger Géigend, déi wum Zolwer Här säi Land an d'Leit vu Suessem als Leehen kritt hun, sech schons 1274 als Hären vu Suessem genannt hun. Als Geegeleeschtung hun si missen hirem Leehnshär Krichsdingschter leeschten an séng Zolwer Buurg bewaachen. Fir daat kënnen ze maachen, hun si an der Noperschaft eng Wunnéng gebaut. D'Kärstéck vun dësem Bau, enger richteger Waasserbuurg mat Waassergrief, woar e véiereckegen Tuurm vun 12,5*12,5 m am Quadrat, deen haut nach do steet. Déi Buurg heut aus engem Wunngebei an Niewegebeier bestaanen, déi ëm de banneschten Haff gebaut gi sin. Hei hun och d'Familjen gewunnt, déi am Dingscht vun der Herrschaft stungen. Et woar fir déi deemoleg Zäit schons eng zolitt Festung, déi, sou gët ugeholl, zu enger ganzer Rei vun Buurgen gehéiert huet, wéi Zolwer, Esch-Berwart, Diddeléng a Käl, fir d'Groofschaft vu Lëtzebuerg géint d'Herrschaft vun Bar-le-Duc ze schützen, mat deem si ëmmer Sträit haaten.

(weiterlesen)