D’Piratepartei Lëtzebuerg lued den 9. August 2013 um 10:00 an d’Chocolate House, 20, rue Marché aux herbes L-1728 Stad Lëtzebuerg zu enger Pressekonferenz fir de Walprogramm virzestellen, sou wéi e vun de Memberen den 8. August gestëmmt gouf. weiderliesen
Eis haiteg europäesch a lëtzebuergesch Wirtschaftspolitik ass op verkéierten Ideeën opgebaut: d’Idee, datt méi staatlech Ausgaben d’Wirtschaft relancéieren an de Schlëssel vum Scholdenofbau sinn; dass niddereg Zënsen den Effekt verstäerken, wëll se zum Konsum ureegen; dass een d’Wirtschaft duerch méi staatlech Instanzen, Beamten, Reegelen a Subventioune ka stimuléieren; an dass dem Staat näischt ka geschéien: am Zweiwelsfall kann den Equiliber politesch statt economesch duerch Steiererhéijung an duerch provozéiert Inflatioun rëm hiergestallt ginn. weiderliesen