Chrëschtentum

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Chrëschtentum ass eng Weltrelioun déi virun ongeféier 2000 Joer am réimesch besatene Palestina entstanen ass, an aus dem deemools do presente Juddentum ervirgaangen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Jesus vun Nazaret, deen ëm d'Joer 30 als Wanderpriedeger am deemolege Palestina opgetrueden ass a sech selwer zum jiddesche Glawe bekannt huet, an dee kengesfalls virhat eng aner Relioun ze grënnen, wat sech dunn awer spéider anescht eraus kristalliséiere sollt. Sou kënnt et datt d'Chrëschtentum eng monotheistesch a gestëft Relioun ass.

De Begrëff Chrëschtentum (aus dem griicheschen Χριστιανισμός, Christianismós) gëtt eng éischt Kéier an engem Bréif vum syresche Bëschof Ignatius vun Antiochien († zirka 107-110) ernimmt. Et kënnt dohier datt d'Unhänger vum Chrëschtentum Chrëschte genannt goufen, a sech spéider och selwer sou genannt hunn, well si am Jesus dee vum Juddentum erwaarte Messias (op Griichesch christos - de Gesaleften) an de Jong vu Gott gesinn hunn.

Haut ziele mir ongeféier 2,2 Milliarde Chrëschten op der Welt. Am Joer 2011 war t'Halschent dovu kathoulesch, 37% protestantesch an 12% waren orthodoxesch Chrëschten. Se sinn op ongeféier 33 000 verschidde Konfessioune verdeelt[1].

Chrëschtlech Léier[änneren | Quelltext änneren]

Der chrëschtlecher Léier no, déi op de bibleschen Schrëfte baséiert, huet sech Gott an der Persoun vun Jesus Christus der sëndeger Mënschheet ugeholl. Den Doud vu Jesus Christus um Kräiz gëtt deemno als erléisend Dot vu Gott verstanen a riicht sech un all Mënschen, Fraen a Männer, vun alle Natiounen an alle soziale Schichten. Duerch dem Jesus seng Kräizegung sinn sou all mënschlech Sënnen a Schold opgehuewe ginn.

Als Initialfonken vum chrëschtleche Glawe gëllt d'Erfarung vun Ouschteren, vun der Operstéiung vu Jesus Christus, um drëtten Dag no senger Hiriichtung um Kräiz. Seng Botschaft a seng Liewensweis ass fir déi éischt Chrëschten sou vu Gott bestätegt ginn. Doraus wiisst nom Joer 30 vun eiser Zäitrechnung lues a lues déi chrëschtlech Gemeinschaft. Bis um Enn vum 1. Joerhonnert entstinn d'Schrëfte vum Neien Testament. Zesumme mat der jiddescher Bibel (Aalt Testament) bilden si d'Grondlag vun der chrëschtlecher Léier. Am Laf vun den éischten Joerhonnert wiisst den typesch chrëschtleche Glawen un deen eenzege Gott als eng Dräifaltegkeet, Gott verstanen als Papp, Jong an Hellege Geescht. Zanter dem Ufank vum 2. Joerhonnert gëtt déi chrëschtlech Léier an der Form vum Apostolesche Glawensbekenntnis beschriwwen[2].

Kulturellen Afloss[änneren | Quelltext änneren]

D'Chrëschtentum huet bis haut e groussen Afloss op déi westlech Kultur a Konscht. Vill Gesetzer, Traditiounen oder soss Eegeschaften, déi mir haut kennen, stamen aus dem Chrëschtentum. Wuel mat de gréissten Afloss hat de chrëschtleche Glawen am Beräich vun de Sproochen. De Grond dozou ass deen, datt vill Sproochen, déi a méi klenge Sproocheraim geschwat goufen, virun der Bibeliwwersetzung keng fest Rechtschreiwung kannt hunn. D'Bibel, als dat Wierk wat de Weltrekord an der Unzuel vun Iwwersetzungen hält, huet soumat dank hiren Iwwersetzungen an déi verschidde Sproochen erméiglecht, datt endlech eng gesetzlech Rechtschreiwung festgeluecht ginn ass. En zweete groussen Afloss hat d'Chrëschtentum op d'Musek. Ëmmer erëm hu bedeitend a bekannt Museker Stécker fir d'Kierch geschriwwen. Doraus ass d'Kierchemusek mat all hire Richtungen entstanen. Net nëmme gouf d'Musik mat Instrumenter gespillt, mä de chrëschtleche Gesang huet sech och bis haut duerchgesat kritt.

Konfessiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Chrëschtentum huet sech souwuel ënner Unhänger vum Juddentum wéi och ënner Unhänger vun der réimescher Relioun verbreet. Trotz der Ënnerdréckung duerch de réimesche Staat huet et sech organiséiert a méi a méi Unhänger kritt. 313 gouf et am Edikt vu Mailand vum réimesche Staat unerkannt an toleréiert a schliisslech 380 zur Staatsrelioun gemaach. Mat enger ëmmer méi grousser Unhängerschaft koum et och ëmmer erëm zu Streidereien an Ofsplécke vu verschiddene Gruppen. Vill vun deene Gruppe sinn nees verschwonnen, anerer hu sech zu Konfessiounen entwéckelt, déi et haut nach ginn.

Chrëschteverfolgungen hautdesdaags[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel d'Chrëschtentum déi meescht Unhänger weltwäit huet, sinn och am 20. an 21. Joerhonnert nach ëmmer Chrëschte verfollegt ginn. Nom Hëllefswierk "Open Doors" [3] ginn an iwwer 50 Länner op d'mannst 100 Millioune Chrëschte, wéinst hirem Glawen, verfollegt, mësshandelt, an de Prisong gestach oder souguer ëmbruecht. Am 20. Joerhonnert si méi Chrëschten ëmkomm wéi an deene leschten 19 Joerhonnerten zesummen. Sou zielt d'Chrëschtentum als déi am meeschten verfollegt Relioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chrëschtentum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Global Christianity
  2. Jean-Louis Gindt, Wie entstanden die alten kirchlichen Glaubenbekenntnisse?
  3. Open Doors, im Dienst der verfolgten Christen weltweit