Trommel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Trommel ass en Zylinder deen dréine kann.

Sou heescht z. B. bäi enger Wäschmaschinn de Behälter fir d'Wäsch. Soss nach opziele muss een d'Kabeltrommel, d'Botaniséiertrommel, d'Lotteriestrommel an d'Bëtongstrommel.

Och e Revolver huet eng Trommel. Dat ass den Zylinder, an deem d'Patroune sëtzen, an deen no all Schoss weiderdréint, fir sou d'Waff mat Munitioun z'alimentéieren.

Am industrielle Beräich gi grouss Trommele gebaut fir Sënnermaschinnen am Offalberäich, oder a Steebréch.

Aner grouss Trommele sinn Dréiiewen an der Zements- a Klinkerproduktioun.

E Museksinstrument mat enger Membran, op déi mat Bengelen oder den Hänn geschloe gëtt, gëtt och als Trommel oder Batterie bezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]