Paul Breisch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Paul Breisch, gebuer de 26. Januar 1974 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Organist an Uergelprofesser.[1]

Zanter 2006 ass hien Titularorganist an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg, wou hien Nofolger vum verstuerwene Carlo Hommel gouf. Donieft enseignéiert hie säit 2003 Uergel a Gregorianik am Conservatoire vun Esch-Uelzecht. Hien ass Vizepresident vun den Amis de l'orgue - Luxembourg.

De Paul Breisch huet ugefaangen Uergel ze léiere beim Carlo Hommel, an huet sech duerno am Conservatoire National Supérieur de Musique zu Paräis ageschriwwen an ënner anerem beim Olivier Latry a beim Thierry Escaich studéiert a 7 éischt Präisser gemaach. Bis zu senger Nominatioun als Doumorganist war hien ee vun den Organiste vun der berühmter Stahlhuth-Jann-Uergel zu Diddeleng.

De Paul Breisch ass de Brudder vun der Martine Anne Breisch.

Referenzen[Quelltext änneren]